search

/ Affekot vum Dr. Wilmes: Collège Médical géif eng disziplinaresch Affär aleeden

100,7-Interview

|
headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow

Affekot vum Dr. Wilmes: Collège Médical géif eng disziplinaresch Affär aleeden

De Collège médical hätt der Defense gëschter d’Matriculë vun de Patiente matgedeelt, bei deenen den Dokter Wilmes problematesch Kräizband-Operatioune reprochéiert kritt. Den Dokter Philippe Wilmes kéint sech lo déi eenzel Dossieren ukucken an Stellung huelen, esou säin Affekot, de Maître Prum.

headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow
Den Affekot François Prum. | © Jo Diseviscourt
Den Affekot François Prum. (Foto: Jo Diseviscourt)

Zil wier et fir d’Entscheedung vun der Ministesch réckgängeg ze maachen, esou den Affekot vum Dr. Philippe Wilmes.

Experte solle sech mam Dossier befaassen

Dräi Experte wäerte sech d’Dossieren ukucken. Dat gesäit d’Gesetz esou vir, éier d’Gesondheetsministesch decidéiert ob déi temporär Suspendéierung verlängert gëtt oder net.

Bei der Expertis wier ee sech och prinzipiell mam Ministère eens, mengt de Maître Prum, a mengt, datt déi Expertis vun den Experten extreem präzis misst sinn. 

"Nëmme kucken, ob um Moment, wou den Dr. Wilmes seng Patiente gesinn huet, eng Indikatioun do war, dat heescht, ob en déi richtegen Diagnostik gestallt huet, ob iwwerhaapt eng Indikatioun do war, fir ze operéieren oder net."

Recours um Verwaltungsgeriicht net ausgeschloss

Et géif net drëm goen, fir wärend der Expertis ze kucken, ob eng Operatioun zu 100 Prozent gerode wier, esou den Affekot vum Dr.Wilmes. De Maître Prum a säi Client viséieren awer och weiderhin e Recours um Verwaltungsgeriicht géint d’Decisioun vun der Suspensioun. 

Déi wier nämlech net rechtméisseg, mengt de Me Prum. 

"Deen Arrêté, deen huet eng Rei Onreegelméissegkeeten. Do sinn et eng ganz Rei en amant vun der Decisioun scho vun dem Collège médical, mee awer och um Niveau vun dem Ministère, deen eng Rei kritesch Rechtsprinzippe vis-à-vis vum Dr. Wilmes net respektéiert huet."

D’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez steet awer weiderhin zu hirer Decisioun. Och de Premier Luc Frieden géif hanner hir stoen, sot si de Moien am 100,7-Interview

play_arrow Lauschteren