search

/ Affär Wilmes: D'Deputéiert wëllen Transparenz, Ministesch soll Äntwerte liwweren

Gesondheet

|
headphones

2 min

Affär Wilmes: D'Deputéiert wëllen Transparenz, Ministesch soll Äntwerte liwweren

D‘Suspensioun vum Dr. Philippe Wilmes suergt an der Chamber fir Reaktiounen. Et géif elo an éischter Linn drëm goen erauszefannen, wat op politeschem Plang geschitt ass, seet de Piraten-Deputéierte Sven Clement. An och fir déi gréng Deputéiert Djuna Bernard steet elo d’Transparenz am Mëttelpunkt.

headphones

2 min

Martine Deprez | © Chambre des Députés
Martine Deprez (Foto: Chambre des Députés)

D’Piraten hunn dofir eng parlamentaresch Fro un d’CSV-Gesondheetsministesch gestallt. De Sven Clement freet ënner anerem, wisou d’Martine Deprez esou laang gewaart huet éier si den Dokter Wilmes suspendéiert huet, obwuel si d’Suspendéierung mat Gefor a Vollzuch argumentéiert.

"D'Gesondheetsministesch hat hire Rôle ze spillen. Do goufen Entscheedunge geholl a mir stellen eis d’Fro, ob si dat en connaissance vun alle Fakte gemaach huet oder ob se do villäicht och ze séier oder vläicht ze lues geschoss huet."

Ufro un d'Gesondheetsministesch bis ewell onbeäntwert

Fir déi gréng ass et wichteg, datt d’Gesondheetsministesch an déi zoustänneg Chamberkommissioun kënnt.

Eng deementspriechend Demande haten déi gréng schonn d’lescht Woch gestallt, déi ass awer bis ewell ouni Äntwert bliwwen. Et wier wichteg, datt dësen Dossier elo an aller Transparenz géif opgeschafft ginn, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard.

Vun der Ministesch wéilt ee virun allem wësse wéi eng Informatioune si wéini hat a wéi et zu den entspriechenden Delaie koum ass. Awer och ob d'Prozedur richteg ugewannt gi wier, esou d'Djuna Bernard. Och d'Prozedur am Allgemenge misst ee sech ukucken. 

"Ob d'Prozedur generell nach zäitgeméiss ass an och wéi mer um Niveau vun de Spideeler eng besser Kontroll an eng besser Qualitéitsmesurë kënnen applizéieren, och fir datt an Zukunft esou Situatioune besser kënne geréieren."

Déi Lénk stinn hanner der CSV-Ministesch 

Den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, ënnerstëtzt d’Decisioun vun der Ministesch fir den Dr. Wilmes ze suspendéieren. Et misst ee sech awer froen, ob déi Decisioun net ze spéit koum wier. 

"Ech mengen deen Dokter, deen en cause ass, ass net egal wien. Et ass een, deen d'Privatiséierung an d'Liberaliséierung vun der Lëtzebuerger Medezin aktiv weidergedriwwen huet op verschiddenen Niveauen. Et ass deen, deen am Projet FindelClinic mat investéiert war."

Et dierft een och net vergiessen, datt de concernéierten Dokter un den Negociatioune vum aktuellen CSV-DP-Koalitiounsaccord bedeelegt gewiescht wier, esou de Marc Baum. 

De Vizepresident vun der Santéskommissioun Gérard Schockmel war bis ewell net fir eng Stellungnam ze erreechen. Et ass nach net gewosst, ob dëse Mëttwoch d’Chamberkommissioun zesumme kënnt an ob d'Ministesch present wäert sinn. 

Den Affekot vum betraffenen Dr. Philippe Wilmes huet iwwerdeems schonn ee Bréif un d'Santésministesch geschéckt a gefuerdert, datt si d'Suspendéierung mat effet immédiat ophieft.