Et handelt sech ëm medezinesch Dossieren zu de Fäll, déi d'CHL-Doktere schonn de 6. Januar an engem Bréif un hir Direktioun erwänt haten.
Nei Detailer sollen onnéideg Operatioune beleeën
Déi nei Detailer solle d'Uschëllegunge vun den Dokteren beleeën, a weisen, datt gesond Kräizbänner operéiert goufen - oder Operatioune vum Dokter Wilmes u gesonde Kräizbänner geplangt gewiescht wieren.
De Collège médical géif d'Dossieren iwwerpréiwen an dann decidéieren, ob Informatiounen drënner sinn, déi un d'Justiz weider geleet ginn, heescht et vun enger gutt informéierter Source.
Bis haut huet de Collège médical nach keng disziplinaresch Prozedur lancéiert.
Orthoped ënnerstëtzt Philippe Wilmes
De Parquet hat op Basis vun den éischten zwee Patientendossieren, déi am Dezember vum Collège médical bei der Justiz denoncéiert goufen, keng strofrechtlech Elementer festgestallt an un de Collège médical verwisen. Offiziell kommentéiert de Collège médical déi nei Informatiounen net.
Den Dokter Philippe Wilmes sengersäits huet dem Gesondheetsministère eng Prise de position zoukomme gelooss vun engem Lëtzebuerger Orthoped, deen dem Dokter attestéiert, an dräi bestëmmte Fäll keng Feeler gemaach ze hunn.
Den Orthoped Robert Huberty schreift am Dokument, dat eis virläit, d'Virwërf géint den Dokter Wilmes wieren net haltbar. Fir seng Analyse huet hien dräi Patientendossieren ënnersicht, déi hie vum Dokter Wilmes krut.
Ministesch soll e Méindeg Äntwerte liwweren
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez wäert sech nom Weekend eng éischter Kéier am Parlament erklären. Si steet der Gesondheetskommissioun vun der Chamber de Méindeg de Mëtteg Ried an Äntwert. D'Deputéiert wëllen iwwerpréiwen, ob d'gesetzlech Prozedur fir d'Suspendéierung vum Dokter Wilmes korrekt applizéiert gouf.
Den Affekot vum Dokter Wilmes reprochéiert dem Gesondheetsministère an dem Collège médical prozedural Feeler an eng Violatioun vum Recht op Verteidegung.
D'Deputéiert kruten um Donneschdeg de Mëtteg och op Demande vun der Defense eng ganz Rei Courrieren an administrativ Decisiounen an dëser Affär weider geleet.