De leschte Freideg war géint hien een Haftbefeel erausgaange wéinst Volleks-Verhetzung an dem Gebrauch vu Symboler, déi géint d‘Verfassung verstoussen. Ee Spriecher vum Parquet vu Würzburg sot der däitscher Presseagence, den 22-Joer alen Daniel Halemba wier de Moie géint 8 Auer zu Stuttgart festgeholl ginn.
Säin Affekot hat d‘Virwërf géint hien um Weekend zeréckgewisen. Dem Parquet no wier den Daniel Halemba zanter 2021 Member vun der neo-nazistescher a rassistescher Organisatioun „Burschenschaft Teutonia Prag zu Würzburg“, bei där et am September eng Razzia gouf.