Bei dem neie Biewe wieren et rëm schwéier Schied ginn an op d‘mannst 100 Blesséierter, esou déi staatlech Noriichtenagence.
De Welternärungsprogramm vun der UNO huet iwwerdeems virun enger Hongersnout am Afghanistan gewarnt. Elo scho géife 15 Millioune Leit am Afghanistan un Honger leiden, mee d‘UNO hätt dëst Joer 80 Prozent manner Suen zur Verfügung ewéi zejoert, dofir hätt d‘Hëllef fir 10 Millioune Leit misste gestrach ginn, esou e Vetrieder vum Welternärungsprogramm.
Déi international Hëllef war gekierzt ginn nodeems d‘Taliban rëm un d‘Muecht komm sinn. D‘UNO mécht een Appell, fir rëm méi Sue fir Afghanistan ze deblockéieren, fir eng humanitär Katastroph ze verhënneren.
Aftershocks continue to rattle #Herat Province in #Afghanistan days after the deadly earthquake.
— UN Humanitarian (@UNOCHA) October 10, 2023
Children, especially, have suffered severe psychological distress and require urgent mental health and psychosocial support.
Latest update: https://t.co/MWM4sriO5F pic.twitter.com/4cXhIjclw7