Radioen

On air

Mëttesrascht  |  FKA Twigs - Perfect Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Accord fonnt fir Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain unzefänken

Historesch Annonce um EU-Sommet

Accord fonnt fir Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain unzefänken

Um EU Sommet zu Bréissel gouf et gëschter en historeschen Accord. D’EU gouf gréng Luucht fir Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawien unzefänken. Et wier eng Victoire fir d’Ukrain a fir ganz Europa, sou d’Reaktioun vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskij.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Een Accord hat eigentlech onméiglech geschéngt. Well den ungaresche Premier Viktor Orban annoncéiert hat, hie géif Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain net mat droen. Géint hallwer 7 gëschter Owend awer koum de Conseils-President Charles Michel bei d’Journaliste mat der historescher Annonce, datt eng Decisioun getraff gouf

E wichtegt Signal

Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, fir deen et den éischten EU Sommet ass, huet betount: Et wier immense wichteg, ee Signal ze setzen, dass d’EU d’Ukrain net fale léist:

"Fir mech ass Europa eng Alternativ zum Krich, Europa ass eng Gemeinschaft vun Demokratien, an t’ass am Fong d’Façong, datt ee matenee schwätzt am Plaz openee schéisst."

Orban hat de Sall verlooss

Historesch war och d’Aart a Weis wéi hei um EU Sommet decidéiert gouf. D’Unanimitéit war zwar néideg, mee den ungaresche Premier Viktor Orban huet nawell seng Meenung net geännert. Mee hien huet um Enn einfach de Sall verlooss. De Prinzip vun der Unanimitéit an der EU wier domat awer net a Fro gestallt, sou de Luc Frieden.

"Nee, well den europäesche Conseil hëlt kéng juristesch bindend Decisiounen, mee politesch Decisioune, déi am Konsens geholl ginn. An dee Konsens ass och do, wann een net do ass."

Jorelaange Prozess

A souwisou wäerten d’Ukrain a Moldawien net muer EU Member ginn. Dat wäert jorelaang daueren, betount de Lëtzebuerger Premier. Wat d’EU Erweiderung ugeet gouf um Sommet och nach decidéiert, Georgien de Status vun engem EU Bäitrëttskandidat ze ginn, a mat Bosnien-Herzegowina Bäitrëttsverhandlungen unzefänke wann d’Konditiounen dofir bis erfëllt sinn.

Haapttheema um zweeten Dag vum EU Sommet ass de Budget. Do sollen zousätzlech 50 Milliarden Euro fir d’Ukrain iwwert véier Joer zur Verfügung gestallt ginn. Oppositioun dozou gouf et bis elo ënner anerem och vum ungaresche Premier Viktor Orban. 

Lauschterenplay_arrow