Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Little Simz - Woman Feat. Cleo Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ASTI fuerdert Regulariséierung vu Leit ouni Openthalts a Beschäftegungs-Geneemegung

Am Virfeld vum Internationalen Dag fir Migranten

ASTI fuerdert Regulariséierung vu Leit ouni Openthalts a Beschäftegungs-Geneemegung

D‘Auslännerorganisatioun Asti huet am Virfeld vum internationalen Dag vun de Migranten deen ee Méindeg ass, een Appell un d‘Politik lancéiert fir Persounen déi zu Lëtzebuerg zanter enger Zäit liewen an awer keng Openthalts a Beschäftegungs-Geneemegung hunn ze regulariséieren.

auto_stories

1 min

D‘Asti proposéiert engersäits, eng an der Zäit limitéiert exzeptionell Moossnam ze ergräifen, fir Persounen ze regulariséieren. Déi lescht Aktioun am Joer 2013 hat et erlaabt, d‘Situatioun vu 700 Persounen ze regulariséieren.

Zweetens misst och d‘Gesetzgebung ofgeännert gi fir déi legal Migratioun ze vereinfachen an esou Situatiounen ze evitéiere wou Leit déi schaffe keng Rechter hunn a riskéiere vun Employeuren ausgebeut ze ginn.