Och hei am Land wunne Leit, déi keng Rechter hunn, dorun erënnert haut de Sérgio Ferreira vun der ASTI.
"A mir vermëssen eng Léisung fir déi dote Leit, notamment am Koalitiounsaccord."
Dowéinst fuerdert d’Net-Regierungs-Organisatioun, datt dëse Leit hir Situatioun soll regulariséiert ginn: dat wier eng Obligatioun fir ee Land wéi Lëtzebuerg.
"Dat heescht ënnert gewëssene Konditiounen, déi nach mussen definéiert ginn, däerfen d’Leit, déi d’Konditiounen erfëllen, dann eng richteg Autorisation de séjour kréien, fir dann hei legal ze wunnen, a fir datt hir Rechter kéinte respektéiert ginn."
De Risiko vun Exploitatioun
Leit, ouni déi néideg Pabeieren, an déi schaffen, wiere komplett vun hirem Patron ofhängeg, ënnersträicht de Spriecher vun der ASTI Sérgio Ferreira.
"An datt do ee grousse Risiko ass vun Exploitatioun. Dat wëll net soen, datt all Persoun, déi Schwaarzaarbecht mécht hei zu Lëtzebuerg exploitéiert gëtt. Mee de Risiko ass grouss."
Fir ze vermeiden, datt an Zukunft nach Regulariséierungen néideg ginn, wieren donieft Upassungen um Immigratiounsgesetz néideg, esou eng weider Fuerderung vun der ASTI, haut um internationalen Dag vun de Migrantinnen a Migranten: een Dag, deen zanter 2000 all Joer vun der UNO ausgeruff gëtt.