Bis Juni muss all EU-Memberland nei Asylprozeduren en place setzen, déi op engem neien EU-Text baséieren. De Flüchtlingsrot, an deem d'Passerell Member ass, huet e kriteschen Avis iwwer déi geplangte Lëtzebuerger Reegele verfaasst.
Méi restriktiv wéi déi europäesch Virlag
D’Marion Dubois, Direktesch vun der ASBL Passerell a Vertriederin am Flüchtlingsrot, betount, datt sech mat dësen neie Reegele villes ännere kéint. Virun allem “d’procédure de filtrage”.
Wa Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ukommen, gesinn déi nei Prozedure vir, datt d’Leit als éischt an e Centre kommen, wou hir Identitéit iwwerpréift soll ginn, genee esou wéi hire Parcours, Gesondheetszoustand a Vulnerabilitéit.
"Ils s'y retrouvent seuls et isolés face à la police et à l’administration."
Op deem Punkt wier de Lëtzebuerger Text méi restriktiv wéi déi europäesch Virlag. D’EU seet nämlech, datt d’Persoun dem Staat iwwer eng gewëss Period “zur Dispositioun stoe muss”.
D'Fro vun den Delaien
Méi restriktiv Reegele wieren Deel vun engem Paradigmewiessel zu Lëtzebuerg, betount d’Marion Dubois.
"La volonté de se montrer plus restrictif par rapport aux arrivants."
Dee Wiessel kéim net vun näischt a wier och an anere Länner an Europa ze gesinn.
E weidert Beispill fir dëse méi strengen Ëmgang ass d’Zäit, déi eng Persoun huet, fir Recours géint eng rejetéiert Asyldemande virzegoen. Déi ass vun 30 op 20 Deeg gekierzt ginn. D’Marion Dubois erkläert, datt déi 10 Deeg, déi feelen, fir d’Justiz keen Ënnerscheed duerstellt, dofir awer fir den Demandeur.
"20 jours pour trouver un avocat de qualité? Cela nuit à la qualité du recours."
Vill Ännerunge wieren och guer net ëmgesat ginn. Den aktuellen Delai, fir d’Demanden ze traitéieren, läit beispillsweis bei 21 Méint, wat der Marion Dubois no och net ëmmer géing agehale ginn. Do hätt ee sech eng Verkierzung gewënscht.
Ëmgang mat Mannerjäregen: Fortschrëtt, mee nach net perfekt
Positiv am europäesche Basistext wier allerdéngs, datt Mineuren ouni Accompagnement net méi eleng virun d’Autoritéite komme mussen. Den Text gesäit vir, datt si direkt ee Representant zougewise kréien.
Mee och hei bleift déi Lëtzebuerger Interpretatioun flou: Et ass net uginn, wien dee Representant soll sinn. D’ASBL Passerell wënscht sech, datt et en Affekot ass, deen op d’Kannerrecht spezialiséiert ass.
Och kéim bei de Lëtzebuerger Reegelen déi psychologesch Evaluatioun vun de Mineure vill ze kuerz.
D'Zäit leeft fort
Trotzdeem hofft d’ASBL, datt nach e puer Changementer virgeholl ginn. Ënner anerem de Staatsrot hat och e puer Kriticken a sengem Avis formuléiert.
Vill Zäit bleift allerdéngs net méi. Tëschent dem 12. Juni an dem 1. Juli mussen déi nei Prozeduren ageféiert ginn, soss gëtt den europäeschen Text adoptéiert.
Mam Minister hätt een iwwerdeems nach net direkte Kontakt gehat, seet d’Marion Dubois, dofir awer mat senger Administratioun. Fir déi kéimen hir Kriticken och net iwwerraschend, schliisslech hätt een déi vun Ufank un esou formuléiert, betount d’Direktesch vun der Passerell.
Weist d’Administratioun sech dann oppe fir Changementer um Text? Net wierklech, mengt d’Marion Dubois, mee d’Hoffnung stierft bekanntlech als Lescht.