Radioen

On air

9 bis 1  |  Klassik Aktuell

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ASBL Benu Village: Nach keng Léisung a Siicht

Kuerz virun der Insolvenz

ASBL Benu Village: Nach keng Léisung a Siicht

Et ginn nach keng offiziell Konklusiounen iwwer déi finanziell Probleemer bei der ASBL Benu Village. D’ASBL, déi sech virop der Kreeslafwirtschaft verschriwwen huet, bedreift zu Esch en ënnert anerem een Öko-Restaurant, beschäftegt eng 45 Salariéeën, a krut an de leschte sechs Joer dofir siwe Milliounen ëffentlech Gelder. Elo geet de Budget awer net méi op. Fir ze iwwerliewe brauch d’ASBL weider Ënnerstëtzung vum Ëmweltministère a vun der Gemeng Esch. Déi hale sech awer bedeckt a soen, se géifen un enger Léisung schaffen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Ministère de l'Économie play_arrow
(Foto: Ministère de l'Économie)

D’Stad Esch wëll an Zukunft méi Kontroll iwwer déi finanziell ugeschloen ASBL Benu Village, wann den Öko-Projet weider gefouert gëtt. An deem Fall géif d’Gemeng Esch op d'mannst ee Vertrieder am Verwaltungsrot kréien. Dat sot eis den Escher DP-Schäffe Pim Knaff op Nofro hin. Am Moment ass d’Gemeng net am Verwaltungsrot vertrueden.

Eng Iwwergangskonventioun soll ausgeschafft ginn

Wéi d’Tageblatt gemellt hat a wéi mir confirméiert kruten ass den Ëmweltministère am gaangen un enger Léisung ze schaffen. Fir de Projet an d’Aarbechtsplazen ze retten ass de Ministère am gaangen, eng Iwwergangskonventioun auszeschaffen. Domadder soll d’ASBL Benu Villagehier finanziell Schwieregkeeten iwwerbrécken, bis déi éischt Sue vun der neier Konventioun tëschent der Gemeng Esch, dem Ministère an der ASBL am Mäerz solle fléissen. Wéini eng Decisioun geholl gëtt wier nach onkloer, heescht et aus dem Ëmweltministère. Hannergrond ass, datt der ASBL Benu  Village elo eng Millioun Euro feelt.

Zanter 2017 gouf et dräi verschidde Konventiounen. Alles an allem krut de Projet ronn siwe Milliounen Euro vun der Stad Esch. Am Quotidien huet den Direkter Georges Kieffer erkläert, datt hie bei der zweeter Konventioun fir d'Joren 2020-2023 mat enger zousätzlecher finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère gerechent hätt, sou wéi bei der éischter Konventioun och. Dës Millioun, déi de Georges Kieffer als Fallschierm bezeechent, wier déi zweete Kéier allerdéngs net ausbezuelt ginn.

Meris Sehovic: Irresponsabelt Behuele vun der ASBL

Wien d’Verantwortung fir déi finanziell Schwieregkeeten huet, ass nach net offiziell gekläert. Am Escher Gemengerot vum 29.September huet de grénge Schäffe Meris Sehovic d’ASBL responsabel fir d’Situatioun gemaach.

"Et ass irresponsabel, Mënschen ze engagéieren, wann een net eng Sécherheet huet ob een de Budget dofir huet. Déi Responsabilitéit leit net bei der Stad Esch an net beim Ministère, mee beim CA a bei der Direktioun vun der ASBL, déi fir d’Personalgestioun zoustänneg ass."

Et stellt sech awer och d’Fro, ob d’Gemeng gutt genuch drop opgepasst huet, wat d’ASBL mat den ëffentleche Sue gemaach huet, déi se krut. Äntwerten op esou Froe ginn et am Moment net: Weder d’Gemengeresponsabel, nach d’ASBL oder de Ministère wëllen am Moment een Interview iwwer d’Situatioun ginn. Aus dem Ëmweltministère heescht et just, et wier een am gaangen ,d’Finanze vu Benu ze analyséieren. Wéini déi Analys ofgeschloss ass, kéint een awer nach net soen, heescht et aus dem Ëmweltministère.

Lauschterenplay_arrow