Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nat King Cole - L-O-V-E

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ALVA preparéiert Impfcampagne géint Blozongekrankheet

Veterinärsinspektioun deelt mat

ALVA preparéiert Impfcampagne géint Blozongekrankheet

Déi national Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung preparéiert eng Impfcampagne géint déi sougenannte Blozongekrankheet. Dat confirméiert d‘ALVA an engem Communiqué mat.

auto_stories

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Nick Spurling/FLPA

Aktuell sinn 39 Déiere positiv op d‘Blozongekranheet getest ginn. Dorënner 25 Kéi, 13 Schof an eng Geess. Am ganze si 28 Betriber betraff, sou nach d‘Prezisioun vun der ALVA. Wéinst der epidemiologescher Situatioun an den Nopeschlänner géif och zu Lëtzebuerg eng Infektiounswell erwaart ginn.

Den Impfstoff gouf scho bestallt an d'Veterinären a Veterinärinne géife schnellstméiglech iwwer d‘Disponibilitéite Bescheed gesot kréien. D‘Impfung wier fräiwëlleg, gëtt awer vun der ALVA recommandéiert.