Radioen

On air

Moiesstudio  |  Réckbléck op d'Poopstvisitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR wëll sech weider de Sujete Sécherheet, Migratioun a Wuesstem unhuelen

Parlamentaresch Rentrée

ADR wëll sech weider de Sujete Sécherheet, Migratioun a Wuesstem unhuelen

Vill Kritik gouf et de Moie vun der ADR un der Sécherheetspolitik vun der CSV-DP Regierung. Lëtzebuerg hätt ee grousse Problem mat der Sécherheet, sot den ADR-Fraktiounschef Fred Keup virun der Press am Kader vun der parlamentarescher Rentrée. Problemer déi den CSV-Inneminister Léon Gloden net wierklech géing ugoen.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Marlène Clement

Am Verglach mat der viregter Regierung hätt sech do net vill geännert. Ee weidere Punkt war d‘Alphabetiséierung op Franséisch an de Schoulen. Mat enger Alphabetiséierung op Franséisch an op Däitsch géing een déi sozial Kohäsioun op d’Spill setzen, mengt de Fred Keup.

Den Oppositiounsdeputéierten ass och nach emol op d‘Petitioun agaangen, déi fuerdert, datt an der Schoul keng Inhalter solle behandelt ginn, déi e Bezuch zu LGBTQIA+-Theemen hunn. Déi vill Ënnerschrëften déi d‘Petitioun krut géinge weisen, datt ee groussen Deel vun der Bevëlkerung déi Meenung géing deelen. Weider Themen, deenen sech d’ADR an dëser Legislaturperiod wëllt unhuelen, sinn de Wuesstem an d’Migratioun.

Kritik un der CSV-Sécherheetspolitik

Vill Kritik gouf et de Moie vun der ADR un der Sécherheetspolitik vun der CSV-DP Regierung. Lëtzebuerg hätt ee grousse Problem mat der Sécherheet, sot den ADR-Fraktiounschef Fred Keup. Problemer, déi den CSV-Inneminister Léon Gloden net wierklech géing ugoen.

An de leschten 20 Joer hätt d’Zuel u Gewaltakten sech verschidde Statistiken no hei am Land verdräifacht, esou de Fred Keup. Am Verglach mat der viregter Regierung hätt sech a punkto Sécherheet net vill geännert mengt den Oppositiounsdeputéierten.

"Et ass eng police locale agefouert ginn, wou kee richteg weess, wat et da lo soll bréngen, a mir hätte gären, dass den Här Gloden seng "Kuschelpolitik“ elo ophält, an dass endlech eppes gemaach gëtt, fir hei am Land erëm eng Sécherheet ze garantéieren."

Lauschterenplay_arrow

D'Zil vun engem Inneminister, deen zoustänneg ass fir d'Police, misst et sinn, fir méi Sécherheet ze suergen, esou nach de Fred Keup. 

 

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft