Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ADR-President Fred Keup stellt sech hannert den Tom Weidig

Facebook-Kommentar

ADR-President Fred Keup stellt sech hannert den Tom Weidig

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig fillt sech mat sengem Kommentar iwwer dem Carlo Schneider seng Karikatur falsch verstanen. Hie seet, säi Kommentar géif absichtlech mëssinterpretéiert ginn. Hie werft de Medie vir, si géifen net iwwer de “lénke staatsfeindlechen Terror” géint de Minister Léon Gloden schwätzen.

auto_stories

3 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Mat de Wierder “Du verharmlos politesch-motivéiert Aschüchterung. So mir mol wous de wunns, da kann een och mol bei dech kommen, da gesäis de mol wéi witzeg et ass bedroht ze ginn” hat den Tom Weidig e Mëttwoch eng Karikatur vum Carlo Schneider op Facebook kommentéiert. Op där ass den Inneminister Léon Gloden als Polizist ze gesinn, wéi hien dem Serge Tonnar, deen als Sans-abri duergestallt gëtt, eng Gittar op de Kapp schléit. Säitdeem huet dëse Kommentar fir Onroue gesuergt.

Den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup mengt am 100,7-Interview, säi Parteikolleeg hätt dem Carlo Schneider wëlle kloer maachen, datt seng Karikatur geschmacklos ass. De Fred Keup geet dovun aus, datt deen domat guer net de Kënschtler Carlo Schneider hätt wëlle bedroen. Et wier him Vill méi drëms gaangen, de Karikaturist drop opmierksam ze maachen, wéi et ass, menacéiert ze ginn.

“An ech menge fir de Rescht, do hu mir ee Rechtsstaat a wann ee mengt, e wier bedrot ginn, oder et wier eppes geschitt, da kann ee sech bei der Police mellen, et kann een eng Plainte maachen an dann hëlt dat säi Wee. An dat huet den Här Gloden gemaach an dat ass ganz gutt. A wann anerer dat wëlle maachen, da muss een dat och maachen.” 

De Carlo Schneider war "erstaunt"

Dem Karikaturist Carlo Schneider fält op, datt d’Leit op de soziale Medien sech trauen, méi frech ze reagéieren an et sou keng gesond Diskussiounskultur méi géif ginn. Seng Karikature sollen zum Nodenken ureegen, an net provozéieren, seet de Kënschtler.

“Well ech jo a menger Karikatur keng Bedroung gesinn. Also ech hunn einfach d’Situatioun e bësse gespigelt. An do reagéiert hie just mat enger Bedroung, hie géif bei mech hei laanscht kommen. Hie weess zwar net wou ech hei an der Schwäiz wunnen, mee wéi hien do reagéiert huet, dat huet mech e bëssen erstaunt."

Nodeems den Tom Weidig sech mëttwochs op eis Nofro hin nach net äussere wollt, huet hie gëschter um Donneschdeg an engem Statement op Facebook reagéiert. Hien hätt dem Karikaturist wëllen d’Afferperspektiv virun Ae féieren. An dësem Fall, wou ee Politiker a seng Famill Affer vun enger Strofdot goufen, wier esou eng Karikatur net ubruecht.

Interne Suivi an der Chamber?

Mee kann dëse Kommentar elo een interne Suivi an der Chamber kréien? Dozou de Chamberpresident Claude Wiseler:

“Ech mengen, datt et am Prinzip elo net am Kader vum Parlament geschitt ass. Eist Reglement an eis Befugnisser, déi ginn iwwer alles dat, wat am Kader vun de parlamentareschen Aarbechte geschitt, an net wat eenzel Leit als privat Persounen oder wéi och ëmmer op de soziale Medie publizéieren.” 

De Claude Wiseler wéilt dëst fir d’éischt nach eemol iwwerpréiwen, ier hien déi Saach weider kommentéiert.