search

/ ADR Europadeputéierte Kartheiser trëfft russesche Politiker zu Genf

Schwäiz

|
headphones

1 min

ADR Europadeputéierte Kartheiser trëfft russesche Politiker zu Genf

Et hätt een iwwert Méiglechkeete geschwat, fir den Dialog tëschent dem russesche Parlament a Membere vum Europaparlament ze verdéiwen, esou de Fernand Kartheiser. Op Initiativ vum russesche Politiker Leonid Slutsky géif een elo probéieren, reegelméissege Kontakt iwwer Videokonferenz ze hunn

headphones

1 min

E weidert physescht Treffen tëscht dem Leonid Slutsky, President vum aussepolitesche Kommitee vum russesche Parlament an dem ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser wier fir November ausgemach. 

De Fernand Kartheiser schreift och, hien hätt proposéiert, eng Konferenz baussent der EU ze organiséieren, méiglecherweis an der Tierkei, fir iwwer déi zukünfteg Relatiounen tëschent Russland an de EU an aner Sujeten ze schwätzen. 

Kartheiser: Zënter ëmstriddener Visitt zu Moskau parteilos 

De Fernand Kartheiser ass den Ament a kenger Fraktioun am Europaparlament. Hie war am Juni aus der Fraktioun vun den europäesche Konservativen a Reformer ausgeschloss gi wéinst enger ëmstriddener Visitt zu Moskau.