search

/ Generalstreik an enger Woch a Portugal ugekënnegt: Luxair-Flich betraff

Mobilitéit

|
reading time

1 min

Generalstreik an enger Woch a Portugal ugekënnegt: Luxair-Flich betraff

En nationale Streik a Portugal den 3. Juni 2026 wäert de Fluchverkéier am Land staark beaflossen. Besonnesch Flich op Lissabon a Porto si betraff. Luxair bereet sech op Verspéidungen a méiglech Ausfäll vir a recommandéiert de Passagéier, genuch Zäit anzerechnen.

reading time

1 min

©  EPA/JOSE SENA GOULAO
(Foto: EPA/JOSE SENA GOULAO)

De geplangte Streik a Portugal soll verschidde Secteuren treffen, dorënner och d’Aviatioun an d’Buedem-Handling. Dat huet direkt Auswierkungen op Flich vun Luxair, virun allem op de Strecken op Lissabon a Porto, esou d'Luxair an engem Schreiwes. 

Flich op Funchal (Madeira) an op Faro solle dem aktuelle Stand no zwar normal assuréiert bleiwen. Et wieren awer Retarde méiglech. 

D'nationale Fluchgesellschaft deelt mat, datt hir Clienten iwwer méiglech Ännerungen informéiert solle ginn.