arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglech Zuchverbindung tëschent Bréissel a Basel iwwer Lëtzebuerg gëtt gepréift

National

|
headphones

1 min

Méiglech Zuchverbindung tëschent Bréissel a Basel iwwer Lëtzebuerg gëtt gepréift

De Mobilitéitsministère ass amgaangen déi Zuchverbindung ze studéieren. Dat äntwert d‘Ministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro zum Theema vun der LSAP. D‘Etüd wier awer nach ganz am Ufank.

headphones

1 min

CFL | © picture alliance / Hauke-Christian Dittrich
CFL (Foto: picture alliance / Hauke-Christian Dittrich)

Iwwer déi méiglech Zuchverbindung tëschent Bréissel a Basel iwwer Lëtzebuerg a Stroossbuerg géife Lëtzebuerg an d'Belsch vun der Schwäiz a Frankräich informéiert ginn, well déi hätten de Lead, esou d'Ministesch. 

Verbindung Richtung Köln vun Enn 2028 un

Wann d‘Aarbechten un der Eifelstreck bis ofgeschloss sinn, soll een awer an Zukunft vun hei aus am Zwou-Stonnen-Takt iwwer Tréier op Köln kënne fueren, esou nach d‘Ministesch. D‘Aarbechte solle viraussichtlech nach bis Enn 2028 daueren.

Datt een Nuetszuch vu Lëtzebuerg aus a Richtung Süde vu Frankräich, Spuenien oder Italie kënnt, wier awer éischter onwarscheinlech.