De geplangte Streik a Portugal soll verschidde Secteuren treffen, dorënner och d’Aviatioun an d’Buedem-Handling. Dat huet direkt Auswierkungen op Flich vun Luxair, virun allem op de Strecken op Lissabon a Porto, esou d'Luxair an engem Schreiwes.
Flich op Funchal (Madeira) an op Faro solle dem aktuelle Stand no zwar normal assuréiert bleiwen. Et wieren awer Retarde méiglech.
D'nationale Fluchgesellschaft deelt mat, datt hir Clienten iwwer méiglech Ännerungen informéiert solle ginn.