Radioen

On air

Notturno  |  Lata Gouveia - Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ A Polen gëtt et weider kee Formateur

No Parlamentswalen

A Polen gëtt et weider kee Formateur

Méi wéi eng Woch no de Parlamentswalen a Polen gëtt et weider kee Formateur an et hunn nach kéng Koalitiounsgespréicher ugefaangen. Den Oppositiounsleader Donald Tusk huet un de polnesche President appelléiert, hie séier maacht der Formatioun vun enger neier Regierung ze beoptragen. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Dem Tusk seng Biergerkoalitioun an zwou aner Oppositiounsparteie wiere sech schonn eens ginn, datt den Donald Tusk, fréieren EU-Conseil-President, nees Premier kéint ginn, huet et gëscht geheescht. Déi dräi Partei kommen zesummen op eng absolut Majoritéit, wärend déi aktuell riets-konservativ Regierungspartei PiS kéng absolut Majoritéit méi huet.

De President Andrzej Duda huet gëschter éischt Consultatioune mat de Parteie geféiert, hien huet awer fir d‘éischt d‘Vertrieder vun der PiS gesinn.