search

/ 92 Autokratië géint 87 Demokratien: Verschwënnt e Modell?

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

92 Autokratië géint 87 Demokratien: Verschwënnt e Modell?

Viru Kuerzem gouf déi 10. Editioun vum Democracy Report vum V-Dem Institut vun der Universitéit Göteborg verëffentlecht. D'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, geet op déi Haapterkenntnisser vun dësem wichtege Rapport an.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Simone Beck | © Chris Zeien
Simone Beck (Foto: Chris Zeien)

Un Hand vun 32 Milliounen Daten a mat 600 verschiddene Krittäre moosse 4.200 Wëssenschaftler:inne fir Varieties of Democracy den Zoustand vun der Demokratie an 202 Länner oder Géigenden.

Eng generell Erosioun vun den demokratesche Prinzippien

De Rapport vun dësem Joer mécht Angscht, well e stellt en eendeitegen a beonrouegende Réckgang vun Demokratie a Meenungsfräiheet fest. Am Moment ginn et méi autokratesch Staaten op der Welt, wéi demokratescher. De Stand ass am Moment 92 zu 87.

An Europa sinn d’Effete vun der drëtter Demokratisatiounswell, déi 1974 mat der Oeillets-Revolutioun a Portugal ugefaangen hat a bis nom Mauerfall gedauert huet, verpufft.

Besonnesch am leschte Véierelsjoerhonnert sinn iwwerall Réckschrëtter ze gesinn: 2005 ware bei 12 Länner autokratesch Tendenzen ze verzeechnen, 2025 waren der 44 a Richtung Diktatur ënnerwee.

De Rapport huet och zejoert 10 nei Länner identifizéiert, déi autokratesch Tendenzen opweisen, dovunner véier aus der EU: Kroatien, Italien, Slowakei a Slowenien.

Ungarn a Polen si scho méi laang op der Lëscht.

D'USA um Wee an eng Autokratie?

Zënter dem Ufank vum zweete Mandat vum Donald Trump falen d’USA aus der Kategorie liberal Demokratie eraus. Duerch den “executive overreach” vum President ass d’Gewaltentrennung opgeweecht, d’Volleksvertrieder ginn iwwergaangen, d’Press zenséiert an akademesch Fräiheete beschnidden.

D’Kontrollmechanisme vun engem Rechtsstaat funktionéieren an den USA net méi.

Déi englesch Professorin Christina Pagel vum University College London huet op hirem Trump-Action-Tracker bis haut ronn 3.000 Moossname vun der Trump Administratioun “getracked”: Dovunner ënnergruewen der 782 direkt déi demokratesch Strukturen, 490 schwächen d’Rechter vun de Bierger:innen a ronn 470 gräife Wëssenschaft a Fuerschung un.

74 Prozent vun der Mënschheet liewen haut an enger Autokratie

An elektoral Autokratien, wou zwar Walen ofgehale ginn, awer keng wierklech Fräiheete bestinn, lieft mat 46 Prozent bal d’Hallschecht vun der Mënschheet, an dat a Länner wéi Indien, Pakistan, Russland, d’Tierkei oder Indonesien.

A geschlossenen Autokratien, wéi Nordkorea, Belarus, China oder Saudi-Arabien, liewe mat 2,3 Milliarden esou vill Mënsche wéi an allen Demokratien zesummen.

Déi dréchen Zuelen a Statistike vum Democracy Report weisen, wéi dramatesch a Gefor e Modell ass, deen an eise Géigenden als eenzeg richtege gëllt.

Datt awer Hoffnung besteet, huet Ungarn eis leschte Weekend groussaarteg bewisen. 

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren