Radioen

On air

Moiesstudio  |  Jürgen Junk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 9 nei Petitiounen um Site vun der Chamber

National

9 nei Petitiounen um Site vun der Chamber

 Um Chambersite si vun haut un 9 nei Petitiounen, déi vun elo un, a bis de 5. Dezember kënne signéiert ginn. D‘Themen déi si bedénge si ganz ënnerschiddlech.

auto_stories

1 min

Esou fuerdert eng dovunner, datt d‘Mammographien zu Lëtzebuerg, scho virum Alter vu 45 Joer ganz rembourséiert ginn. Eng aner fuerder, datt d‘Drogen entkriminaliséiert ginn. Et gëtt dann och eng Petitioun déi wëllt, datt Hausschwäi bei eis offiziell als Hausdéieren an therapeutesch Begleetdéieren unerkannt ginn. Eng weider Petitioun wëllt nach, datt all Lëtzebuerger ee Mol de Mount e Quiz iwwert Cybersécherheet musse maachen.

Wann eng Petitioun iwwert 4.500 Ënnerschrëfte kritt, kënnt et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamberkommissioun.