Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Claude Meisch warnt virun héije Geldstrofe beim Broch vum Mietgesetz

Chamber-Logementskommissioun

De Claude Meisch warnt virun héije Geldstrofe beim Broch vum Mietgesetz

De Logementsminister Claude Meisch huet haut um Donneschdeg an der Chamber-Logementskommissioun op en Neits drop higewisen, datt sech un dat neit Mietgesetz gehale muss ginn. D’Gesetz gesäit zënter dem 1. August vir, datt d’Agence-Käschten tëschent Proprietär a Lokatär oder Keefer mussen opgedeelt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

An dëser Phas vun engem neie Gesetz dierft ee grondsätzlech net dovun ausgoen, datt eng béis Intentioun derhannert stécht, oder datt Leit géife wesentlech oder wëllentlech d’Gesetz briechen. An deene vereenzelte Fäll kéint et och einfach sinn, datt den Internetsite nach net aktualiséiert gi wier, sou d’Erklärung vum Logementsminister Claude Meisch.

“Sou wéi mir mengen, datt et och eng Rei vun deene Fäll gëtt, wou einfach de Message nach net ukomm ass. Dat ass keng Excuse. Well jiddereen, virun allem Professioneller aus deem Secteur, déi hunn ze wëssen, wa sou gesetzlech Changementer kommen, a mussen déi dann och applizéieren. Mee déi sinn och amgaangen, dat kennenzeléieren, heiansdo mussen och nach hir Kommunikatiounsinstrumenter adaptéiert ginn.” 

Breet Informatiounscampagne ass geplangt

No enger Reunioun mam Konsumenteschutz wier een Avis juridique gefrot ginn. Deen hätt erginn, datt een am Fall vun enger “pratique commerciale déloyale” héich Geldstrofe riskéiert, warnt de Logementsminister.

“Deen, dee sech hei net drun hält, dee riskéiert eng Amende, déi sech gewäsch kann hunn, vun 251 bis 120.000 Euro.” 

D’Chambre immobilière wier op en Neits drop higewise ginn, all hir Memberen iwwer d’Gesetzesännerung ze informéieren a si drëms ze bieden, d’Annoncen deementspriechend unzepassen. Och wier mam Konsumenteschutz eng méi breet Informatiounscampagne geplangt, fir potenziell Locatairen a Keefer opzeklären, sou nach de Logementsminister Claude Meisch.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik