Déi 71 Joer al Persoun war, no engem Sträit mat engem Taxischauffer, deen d‘Police geruff hat, vun de Forces de l‘ordre interpelléiert ginn. D‘Persoun gouf doropshin fir Verifikatiounen op de Policebureau bruecht.
Do huet sech erausgestallt, datt fir déi betraffe Persounen eng sougenannte "Mesure de contrainte par corps" gegollt huet. Déi erlaabt et enger Persoun ënnert verschiddene Konditiounen hir Fräiheet ze entzéien, esou de Parquet.
Autopsie deit net op extern Facteuren hin
No där Feststellung gouf alles preparéiert, fir d‘Persoun op den Uerschterhaff ze bréngen. Nodeems d'Persoun do ukomm ass sot si, si géif sech net gutt fillen. Si gouf an d‘Infirmerie bruecht, mee d‘Situatioun hätt sech séier verschlechtert, esou de Parquet. De Samu gouf geruff, d‘Persoun ass awer nach op der Plaz verstuerwen.
De Parquet huet eng Autopsie ordonnéiert. Éischten Elementer no, géifen et awer keng Zeeche vun externen Ursaache fir den Dout ginn.
D‘Inspection generale de la Police mécht elo eng Enquête op.