Radioen

On air

Notturno  |  Them Lights - Got No

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Situatioun am Noen Osten ass "héich explosiv"

Nom Doud vum Hisbollah-Chef

Situatioun am Noen Osten ass "héich explosiv"

Nom Doud vum Chef vun der Hisbollah, dem Hassan Nasrallah ass d‘Situatioun am Noen Osten héich explosiv, wéi déi däitsch Noriichtenagence de Moie schreift. Den Iran, deen d‘Hisbollah ënnerstëtzt, huet eng Drénglechkeetssëtzung vum UNO-Weltsécherheetsrot gefuerdert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet den Iran scho virun enger Revancheaktioun gewarnt: Soll den Iran Israel attackéieren, wier d‘Äntwert imminent.

Eng weider 6 Doudesaffer gi bei der Attack op den Hisbollah-Chef gemellt, dorënner een iranesch Generol, an e weider Kommandant vun der Hisbollah, sou d‘Agence France Presse.

Den Hassan Nasrallah war een aflossräiche Leader an huet enk mat der Hisbollah hirem Alliéierten, dem Iran, zesummegeschafft. Den iranesche Vize-President Mohammad Aref sot, den Doud vum Hisbollah Chef géif d‘Zerstéierung vun Israel mat sech bréngen.

Déi israeelesch Arméi sot, si géif sech op eng Revanche-Attack astellen. A si fiert intensiv weider mat Loftattacken op Ziler vun der Hisbollah am Süde vum Libanon. Och zu Beirut gouf et gëschter de ganzen Dag iwwer nees Explosiounen.

D‘Hisbollah huet gëschter och 90 Rakéiten op Israel geschoss.

Zanter e Méindeg sinn am Libanon méi wéi 800 Mënsche bei den israeeleschen Attacken ëm d‘Liewe komm, esou déi libanesesch Regierung. Eng 50.000 Leit wieren aus de Libanon a Syrie geflücht, an 200.000 Leit wieren am Libanon selwer geflücht an op méi sécher Plazen am Land gaangen, esou d‘Vereenten Natiounen