Den ongewéinlechen Transportwee soll d'Opmierksamkeet vun der Douane op sech gezunn hunn. De Kokain war a ronn 3,6 Tonnen Tabioka verstoppt an op 5 Paletten verdeelt. D'Douane gouf vun der Lëtzebuerger Police SPJ ënnerstëtzt.
Et wier déi bis ewell gréisste Saisie an der Aviatioun zu Lëtzebuerg, schréift d'Douane.
De Wäert beleeft sech op ronn 100.000.000 Euro. Eng Enquête leeft.