search

/ 37 Deeg Reen ouni Paus - Nach ëmmer keng Verbesserung a Frankräich a Siicht

Frankräich

|
headphones

1 min

37 Deeg Reen ouni Paus - Nach ëmmer keng Verbesserung a Frankräich a Siicht

Bei den Iwwerschwemmungen am Weste vu Frankräich wéinst Dauerreen ass keng imminent Verbesserung an Aussiicht. Eng rout Warnung gouf elo och an der Loire-Atlantique deklaréiert. Domat si fënnef Departementer an der héchster Alert.

headphones

1 min

© EPA/Guillaume Horcajuelo
(Foto: EPA/Guillaume Horcajuelo)

A 14 aneren Departementer gëllt déi zweethéchst Warnung orange. De Premier Sébastien Lecornu huet verséchert, d‘Rettungsdéngschter wiere maximal mobiliséiert fir de Leit ze hëllefen, an déi Betraffe géifen esou séier wéi méiglech entschiedegt ginn.

A Frankräich reent et elo scho 37 Deeg laang ouni opzehalen. D'Onwiedere goufe mëttlerweil och als Naturkatastroph agestuuft, well d'Héichwaasser een historescht Ausmooss erreecht huet.