Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 5 Doudeger bei Attack op tierkesch Aviatiounsentreprise - Tierkei schwätzt vun Terrorattack

International

5 Doudeger bei Attack op tierkesch Aviatiounsentreprise - Tierkei schwätzt vun Terrorattack

5 Doudeger a 14 Blesséierter gouf et bei enger Attack um Site vun enger Aviatiouns- a Weltraumentrepise zu Ankara, esou d‘Regierung. Ankara schwätzt vun enger Terrorattack.

auto_stories

1 min

Police Tierkei | © Faraways / Bigstock
Symbolfoto: Faraways / Bigstock

Zwee Terroriste wieren "neutraliséiert ginn“, esou den tierkeschen Inneminister op X, ouni ze preziséieren, ob si festgeholl oder ëmbruecht goufen, nach ob et weider Täter géif ginn.

Op Videoopname wieren Explosiounen a Schëss ze héieren. N-TV mellt, et géif eng Geiselnam ginn. Mataarbechter vun der Entreprise wieren a Bunker a Sécherheet bruecht ginn, esou déi staatlech tierkesch Noriichtenagence. D‘Ëmgéigend wier ofgespaart ginn. Detailer iwwer d‘Hannergrënn feelen.

Déi betraff Rüstungsentreprise entwéckelt a produzéiert ënnert anerem Kampffliger an Dronen.