Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
search

/ 258 Dokteren notze mëttlerweil de Paiement immédiat direct

CNS

258 Dokteren notze mëttlerweil de Paiement immédiat direct

Aktuell notzen 259 Dokteren de System vum PID, dem Paiement immédiat direct. Dat heescht, datt de Patient oder d‘Patientin no enger Consultatioun just seng Participatioun bezilt. D'Medezinner:inne kréien hiren Honoraire iwwer een digitale Reseau vun der CNS iwwerwisen.

auto_stories

1 min

Déi Zuel huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez gëschter an der Chamber genannt. Fir d'Remboursement vun der CNS wier dat eng wesentlech Entlaaschtung. Iwwer d'Hallschent vun de Rechnungen, nämlech 54 Prozent iwwerweist d'CNS eréischt no 6 Wochen. Bei 19 Prozent gëtt et an enger Woch rembourséiert. Et sinn awer och 15 Prozent vun de Rechnungen, wou et bis zu 12 Wochen dauert.

Fir dee Retard opzeschaffen, ginn elo bei der CNS Interimairen agestallt fir d’Bréiwer opzemaachen. Et soll een iwwregens am Courrier un d’CNS, weder Agraffen notzen, nach ee Begleetbréif bäileeën.