D'Preventioun soll am Zentrum vun der Aarbechtswelt stoen, esou d'Vertrieder vun der ITM. Eng Leitlinn, déi ënnert der neier CSV-DP-Regierung agefouert gouf an un déi sech d’ITM och 2025 scho gehalen huet.
Dat weisen och d’Zuele vum Joresbilan: 2025 ass d’Zomm vun de Strofgelder vun däitlech erofgaangen, obwuel et 25 Prozent méi Plainte gouf, déi meescht dovun an de Secteure Constructioun, Horeca a Commerce.
Neien Aarbechtsminister ënnerstëtzt Preventiounsapproche
Allgemeng géif een op ee méi e konstruktiven a pädagogeschen Dialog mat der Aarbechtswelt setzen. Dat géif awer net heeschen, dass een net méi géif duerchgräife wann et néideg wier, esou den Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV), deen d'ITM-Reform vu sengem Virgänger Georges Mischo weiderdreift: "Et ass net esou, datt (de Betrib) de Lastik kann esou wäit zéie fir datt e kéint maache wat e wéilt".
Méi Inspekteren
D'Zuel vun den Inspekteren um Terrain ass d'lescht Joer vun 102 op 107 geklommen. Beim Volet illegaalt Schaffe goufen et 131 Interventiounen an Amenden an Héicht vun 1,2 Milliounen Euro.
Datt et zejoert méi Plainte gouf, féiert den ITM-Direkter Marco Boly op eng méi visibel an accessibel ITM zeréck. Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet an deem Kontext och op d'Reform vun der ITM an d'Aféiere vun engem Guichet unique verwise fir Reklamatiounen an Zukunft nach méi einfach kënnen eranzereechen.