Radioen

On air

Notturno  |  Sleaford Mods - West End Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 21 Doudeger bei Busaccident

Venedeg

21 Doudeger bei Busaccident

Beiengem Busaccident zu Venedeg sinn op d‘mannst 21 Leit ëm d‘Liewe komm. De Bus an deem Touriste waren, ass vun enger Bréck erofgefall an a Brand geroden.

auto_stories

1 min

Eng 20 Passagéier goufe blesséiert, vill vun hinne wiere ganz schwéier blesséiert ginn, esou de Gouverneur. Ënnert den Doudesaffer wiere fënnef ukrainesch Touristen, een däitschen Tourist, an den italieenesche Chauffeur vum Bus, esou d‘Präfektur. De Bus ass vun der Strooss ofkomm, duerch eng Barrière op der Bréck gerannt, an 10 Meter déif erofgefall. D‘Ursaach vum Accident ass nach onkloer.