Radioen

On air

9 bis 1  |  Kings Of Leon - Temple

play_arrow Live
search

/ 2 Poliziste gi bei Policekontroll blesséiert - Ee Verdächtegen ass op der Flucht

Police

2 Poliziste gi bei Policekontroll blesséiert - Ee Verdächtegen ass op der Flucht

An der Stad goufe gëschter um Freidegmëtteg 2 Poliziste bei enger Policekontroll blesséiert, wéi een Auto, dee virun enger Policekontroll wollt fortrennen, an de Policeauto gerannt ass.

auto_stories

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

Op der Areler Strooss haten zwou Persounen an engem Auto probéiert, virun enger Policekontroll ze flüchten. Si sinn dobäi an e Policeauto gerannt. Déi zwee Polizisten, déi heira souzen, goufen dobäi blesséiert, huet d‘Police matgedeelt.

Eng Persoun konnt direkt festgeholl ginn. Eng zweet Persoun konnt flüchten, a bis gëschter Owend och net fonnt ginn.