Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 17 Lëtzebuerger aus Israel rapatriéiert

International

17 Lëtzebuerger aus Israel rapatriéiert

Hënt goufe 17 Lëtzebuerger Staatsbierger oder Residenten aus Israel rapatriéiert. Wéi den Ausseministère de Moie matgedeelt huet, goufe si a Collaboratioun mat den hollänneschen Autoritéite mat engem Militärfliger vun Tel Aviv op Eindhoven bruecht, wou si géint zwou Auer an der Nuecht vun der Lëtzebuerger Ambassad an Holland empfaange goufen.

auto_stories

1 min

Mam Bus goufen déi 17 Persounen dono an de Grand-Duché bruecht. Dem Ausseministère no konnten 52 Persoune mat engem Lien zu Lëtzebuerg Israel zanter dem Ufank vun den Ausenanersetzunge verloossen.