Radioen

On air

One World  |  Flower of the soul

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​169 Ofweisungen an engem Mount well d'Leit keng Demande gemaach hunn

Centre de Primo-Accueil

​169 Ofweisungen an engem Mount well d'Leit keng Demande gemaach hunn

D‘Immigratiouns-Direktiounop der Areler Strooss verlängert hir Ëffnungszäiten net, an de Weekend bleift se zou. Dat äntwert den Ausseminister Jean Asselborn op eng parlamentaresch Fro vun der CSV an de Piraten. 

auto_stories

1 min

© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Si wollte wëssen, op d‘Ëffnungszäiten ugepasst ginn, fir datt Flüchtlinge méi Zäit hunn, eng Demande fir Schutz ze maachen. Neierdéngs musse Flüchtlingen déi Demande gemaach hu fir am Centre de Primo Acceuil um Kierchbierg ugeholl ze ginn. Do gouf et tëscht dem 10. August an 20. September 169 Ofweisunge vu Leit, déi d‘Demande net gemaach haten.

An esou Fäll géifen d'Leit iwwert aner Iwwernuechtungstrukturen informéiert ginn, sou den Ausseminister. D'Immigratiouns-Direktioun ass vu moies hallwer néng bis mëttes 12 op, an um Weekend guer net. D‘ASBL Passerelle hat kritiséiert, datt Flüchtlingen, déi baussent deenen Zäiten ukommen, riskéieren, op der Strooss ze landen.