Bei der Vollekszielung vun 2021 hu 14,6 % vun de Leit am Land fonnt, datt si an enger Handicap-Situatioun sinn. Dëse Chiffer entsprécht der weltwäiter Moyenne, wéi et vum Familljeministère bei der Presentatioun vun den entspriechenden Zuele geheescht huet.
Am Recensement 2021 goufe fir d’éischte Kéier zu Lëtzebuerg Donnéeën iwwert den Handicap gesammelt, op Initiativ hi vum Ministère de la Famille. 14,6 % vun der Populatioun géifen haut eng 96.500 Fäll.
Zuele klamme mam Alter
15,2 % Frae mat Behënnerung stounge bei där leschter Vollekszielung 14 % handicapéierte Männer géintiwwer, ënnersträicht de Jean Ries aus dem Familljeministère. D'Handicapprevalenz geet mam Alter an d’Luucht:
"Ab 45, 50 fänkt dat un, ganz stramm ze klammen. Ab 70 Joer seet eng Persoun vu véier, datt se sech am Handicap spiert, ab 80 souguer all Zweeten, voire nach méi."
Ënnerscheeder jee no Formatiounsniveau
Den heefegste Problem bei engem liichten Handicap ass dee vun der Vue, beim moderéierten oder staarken Handicap dogéint d’reduzéiert Mobilitéit, woubäi quasi d’Hallschent vun de Concernéierten, dat heescht bal 7 % vun der Populatioun, den eegenen Handicap als moderéiert oder staark empfënnt.
Och beim Formatiounsniveau gëtt et Ënnerscheeder, zum Beispill bei de Leit mat engem Schoulofschloss iwwert d’Première eraus.
"Do hu mer 18,5 % vun de Leit, déi en Héichschoulofschloss hunn, a bei deenen anere Leit sinn dat der dann awer 38,3 %."
D'Leit op den éischten Aarbechtsmarché kréien
Leit mat Handicap schaffen iwwerdeems, dem Recensement no, am meeschten am Secteur “Santé humaine et action sociale”, sou de Jean Ries:
"Sou Leit mat Handicap schaffen oft an Ateliers protégés, déi sinn net um éischten Aarbechtsmaart."
Genee dohi wëll de Familljeminister Max Hahn dës Leit awer hikréien, an de Wee dohi méi einfach gestalten.
Méi Visibilitéit a besseren Zougang zu Informatioun
Egal wéi géifen déi virgeluechten Zuele Behënnerungen an d’Quantitéit vu Betraffene méi visibel maachen. Et wier och wichteg, dat Zuelematerial ze hunn, fir déi eege Politik dorop kënnen op- a Barriäre kënnen ofzebauen, seet de Minister.
Hie wéilt nach eng zentral Ulafstell schafen, wou Handicapéierter an hiert Ëmfeld déi néideg Informatiounen zu alle Sujete ronderëm Behënnerunge fannen.