Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  Philosophie und Kritische Theorie

play_arrow Live
search

/ 148 Milliounen Dollar Geldstrof fir fréieren New York Buergermeeschter

Wéinst Diffamatioun

148 Milliounen Dollar Geldstrof fir fréieren New York Buergermeeschter

De fréiere Buergermeeschter vun New York, Rudy Giuliani a fréieren Affekot vum Donald Trump gouf gëschter um Geriicht zu Washington wéinst Diffamatioun zu enger Geldstrof vun 137 Milliounen Euro, respektiv 148 Milliounen Dollar verurteelt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrew Thomas
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrew Thomas)

Den Giuliani hat no de Presidentewale behaapt datt zwou Frae beim ausziele vun de Walbulletinen, Ziedele vum Trump ewechgeworf hätten, fir se duerch gefälschten Ziedele fir den Demokrat Joe Biden ze ersetzen.

Eng Ligen déi awer dozou gefouert hat datt béid Fraen eng Mamm an hir Duechter vun Trump-Sympathisanten harceléiert goufen.

De Rudy Giuliani huet annoncéiert datt hien déi Suen net hätt.