Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 12 Euro de Pak: Frankräich lancéiert eng nei Offensiv géint d‘Fëmmen

Präisser ginn erop

12 Euro de Pak: Frankräich lancéiert eng nei Offensiv géint d‘Fëmmen

D‘Zigarette sollen däitlech méi deier ginn a Fëmme soll op ville Plaze verbuede ginn. De franséische Gesondheetsminister Aurélien Rousseau huet den neien nationale Plang fir de Kampf géint Fëmme presentéiert.

auto_stories

1 min

Foto: Irina Iriser / Unsplash

Bis 2025 soll e Pak Zigaretten a Frankräich 12 Euro kaschten, 2026 soll de Präis nach emol ëm 1 Euro op dann 13 Euro de Pak eropgesat ginn.

Da soll och op allen ëffentleche Plazen, wéi Parken, Plagen, Bëscher oder och bei Schoulen, e Fëmmverbuet kommen.

De But wier, bis 2032 eng éischt Generatioun ouni Tubak opzebauen.