search

/ 106 Mesuren: Nationale Plang géint Aarmut presentéiert - Reaktioune si gemëscht

Sozialpolitik

|
headphones

5 min

headphones

2 min

play_arrow

106 Mesuren: Nationale Plang géint Aarmut presentéiert - Reaktioune si gemëscht

Vum 1. Januar u solle Stéit mat nidderegem Akommes, an deenen eng eeler Persoun lieft, vun enger neier Bäihëllef vun 2.400 Euro kënne profitéieren. Dëst ass eng vun de Mesuren aus dem éischten nationale Plang géint d’Aarmut.

headphones

5 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Fabian Strauch
(Foto: picture alliance/dpa | Fabian Strauch)

Stéit mat engem niddregen Akommes, an deenen eng eeler Persoun lieft, sollen am neier Joer vun enger Hëllef vun 2.400 Euro d’Joer profitéieren. Fir all zousätzlech eeler Persoun ginn et nach emol 1.200 Euro.  Et hätt een elo also zwou cibléiert Hëllefe fir eeler Leit, erkläert de Familljeminister Max Hahn.

"De Complément pour personnes âgées, deen dobäi soll hëllefen, dass d'Leit sech d'Pensiounskäschten am Alters - a Fleegeheem kënne leeschten, dee wäert och op den 1. Januar gëllen. An déi hei Hëllef, déi ass spezifesch, wéi gesot, fir Leit, déi soss am Alter sinn a riskéieren, d'Enner net méi beieneen ze kréien."

Zwou nei Aidë sollen Deel vun der CVC ginn

Bei der neier Hëllef géint Kanneraarmut kréie Famillje mat engem niddregen Akommes 300 Euro d’Joer fir e Kand tëschent 4 a 5 Joer, 1.000 Euro vu 6 bis 11 Joer, an 3.000 Euro vun 12 Joer un, soulaang wéi d’Kand an d’Schoul geet.

Déi zwou nei Aidë sollen an Zukunft och Deel vun der CVC, also dem Complément vie chère, ginn. Mat Hëllef vun der CVC sollen d’Krittären an d’Montante vun den Hëllefen an Zukunft besser openeen ofgestëmmt ginn, huet den DP-Minister Max Hahn erkläert.

"Wou also véier Aiden dra sinn, ee Barème, deen ee brauch a wou een och nëmmen eemol eng Ufro brauch ze maachen. An duerno gëtt déi automatesch ausbezuelt."

Neien Online-Outil soll fir Opklärung suergen

Den DP-Minister Max Hahn huet och erkläert, datt een d’Leit besser wéilt opklären iwwer d’Aiden, déi si zegutt hunn. Dofir gëtt et an Zukunft den Online-Outil GPS-social. Dee soll ufanks 2026 accessibel sinn. 

"Wou ee seng Familljesituatioun eragëtt, wou ee seng Revenuen eragëtt. A wou een da gesot kritt, ma vu wéi engen Hëllefe kann een dann alles profitéieren. Souguer op Calculateure verwise gëtt, wou een dann ausrechne kann, wéi een déi Hëllef ka kréien. A virun allem, wou een och begleet gëtt, wou een déi Hëllef da ka siche goen."

Weider wier och geplangt, e physesche Guichet an eng anonym Telefonshotline an d'Liewen ze ruffen, fir d’Leit iwwer méiglech Sozialhëllefen ze informéieren, esou nach de Max Hahn. 

Hëllefe besser openeen ofstëmmen

Alles an allem stinn 106 Mesurë géint d’Aarmut am Plang dran.

Zil wier et, d’Krittären an d’Montante vun den Hëllefen an Zukunft besser openeen ofzestëmmen, esou nach de Familljeminister Max Hahn. Déi éischt Mesurë sollen am Januar ëmgesat ginn.

Ombudsmann Charel Schmit positiv iwwerrascht

Den Ombudsmann Charel Schmit ass positiv iwwerrascht vum nationalen Aarmutsplang, deen d'Regierung virgestallt huet. Besonnesch de Volet vun der Kanneraarmut begréisst de Charel Schmit.

"Dat ass u sech elo e Policymix vu verschiddene Saachen. Wou een net derlaanscht kënnt, dat ass einfach déi Hëllefen an d'Luucht ze setzen. Finanziell Montante méi cibléiert an och an d'Luucht setzen iwwer verschidden Etappen, well nëmme wann d'Haushalter méi verfügbar Akommes hunn, kréie mir och déi Zuele vun der Kanneraarmut erof."

Iwwerdeems begréisst de Charel Schmit, datt bürokratesch Prozedure fir Hëllefen ze erhale vereinfacht ginn an d’Office-sociallen opgestockt gi sollen.

Quote fir d'Gemengen?

De Guy Foetz vu "Solidaritéit mat den Heescherten" gesäit den Aarmutsplang méi kritesch. Him feelt de Volet fir Demandeur- a Bénéficiaire-de-Protection-internationalle komplett, wat e grousse Manko wier, sot hien.

Iwwerdeems hätt de Guy Foetz sech gewënscht, datt Gemenge misste künfteg gewësse Quote vu sozialem Wunnengsbau erreechen.

"Dat muss kommen, soss kréie mir kee Logement abordabel an enger gréisserer Quantitéit. Well d'Gemenge ganz einfach zu engem groussen Deel net wëllen e Logement abordabel an Empfang huelen. Well déi Wieler, déi an de Gemenge sinn, ëmmer dann do Oppositioun maachen an esou virun. An ech mengen, d'Gemenge missten derzou bruecht ginn, duerch e Gesetz fir e Quota, also fir eng bestëmmten Zuel vu sozial Wunnengen, ze offréieren."

Esou eng Quote wier schwiereg anzeféieren, well dat och per Gesetz misst gemaach ginn, seet den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit. An der Saach ass hien awer mam Guy Foetz enger Meenung.

"Eng Gemeng, déi vill Recetten huet, déi breet Schëlleren huet, déi muss och méi soziale Wunnraum kënnen ubidden a si dierf sech där solidarescher nationaler Verantwortung net entzéien."

Iwwer verschidde Punkten, wéi beispillsweis eng nei Reegelung vun de Pension-alimentairen, misst een awer am Detail nach diskutéieren, esou nach den Ombudsmann Charel Schmit.

Claire Delcourt: A puncto Logement huet ee sech méi erhofft

Alles an allem wiere gutt Usätz am Aktiounsplang dran, huet Djuna Bernard vun déi gréng fonnt, mee si hätt sech beim Mindestloun awer méi erhofft. D’Claire Delcourt vun der LSAP kritiséiert virop, datt Mesuren a puncto Logement géife feelen.

"Mir wëssen, wann een ee Plang géint Aarmut hei presentéiert, dann ass et natierlech och esou, dass een deen net ka bekämpfen, wann ee kee Plang géint Wunnengsnout huet. Mir hunn hei eigentlech net immens vill iwwert d'Wunnengsnout geschwat. Et sinn esou punktuell Saache komm, awer esou déi Housing-first-Méiglechkeeten, oder d'Quoten notamment, déi, wou mir ganz kloer gefuerdert hunn, déi goufen hei guer net erwäänt."

play_arrow Lauschteren