Radioen

On air

9 bis 1  |  Kings Of Leon - Temple

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 112 russesch Dronenattacke bannent enger Woch

Krich an der Ukrain

112 russesch Dronenattacke bannent enger Woch

D'Ukrain kënnt net zur Rou. Bannent enger Woch konnt den ukrainesche Loftofwiersystem 104 vun den 112 russesche Shaed-Dronen ofschéissen.

auto_stories

1 min

Och hënt gouf et am Oste vun der Ukrain Loftalarm. Russesch Drone wiere vum Osten a vum Süden aus an den Ukrainesche Loftraum geflunn.

Och d‘Buedemoffensive wier den Ament méi hefteg. Déi Russesch Truppen hätten nees kënnen ukraineschen Territoire erueweren, dat seet ënnert anerem den Institut fir Krisch-Studien an den USA.

Russland huet bis elo ronn ee Fënneftel vum ukraineschen Territoire, inklusiv d‘Krim besat.

Déi meescht Ugrëff gouf et hënt an der Regioun Donbass, oder ëm Kharkiv a Luhansk.

Den Ukrainesche President Volodymyr Selenskyj huet a sengem Message gëschter betount datt d‘Militärequipementer déi een aus dem Ausland kritt hätt och dozou gehollef hunn, géint Russland ze kämpfen.