100 Prozent vun de Mataarbechter an der Maintenance wieren am Streik, grad ewéi d’Crew. Ouni Maintenance kéinten d’Fliger vun der Cargo-Airline net fléien esou d‘Gewerkschaften. De Streik bei der Cargolux huet gëschter Mueren ugefaangen, nodeems wärend engem Joer Verhandlungen ëm Lounerhéijunge gefouert goufen. Dat ouni Succès.