Radioen

On air

Notturno  |  Stromkasten - Funktionalität Und Widerstand

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 10.000 Leit no den Iwwerschwemmungen a Libyen gi vermësst

No villem Reen

10.000 Leit no den Iwwerschwemmungen a Libyen gi vermësst

Bei den Iwwerschwemmungen a Libyen ginn Dausenden Doudesaffer gefaart. 10.000 Leit géife vermësst ginn, sou ee Responsabele vum internationale Roude Kräiz. Elleng an der Stad Derna, déi zu engem groussen Deel iwwerschwemmt gouf, wieren 2.300 Leit ëm d‘Liewe komm, esou d‘Noutdéngschter.

auto_stories

1 min

De Stuermdéif Daniel huet aussergewéinlech vill Reen a Libyen bruecht. Zwee Dämm si gebrach. Ganz Dierfer an Uertschafte goufen iwwerschwemmt.

Italien, Tierkei an den Iran hunn Hëllefs-Equippen a Libyen geschéckt. Och d‘EU huet Hëllef ugebueden.

Wéinst dem Klimawandel gëtt et weltwäit een ëmmer méi grousse Risiko vu Stierm, extreem staarkem Reen, an Iwwerschwemmungen.