Am schlëmmste betraff ass d’Hafe-Stad Derna. Do sinn zwee Staudämm gebrach, eng grouss Flutwell huet vill Leit matt gerappt.
E groussen Deel vun der Stad gouf iwwerschwemmt.
D’Vereenten Natiounen hunn eng international humanitär Hëllefs-Aktioun an d’Weeër geleet. Am Iwwerschwemmungs-Gebitt ass och schonn Hëllef ukomm, ënner anerem aus Ägypten. Mee d’Rettungsefforte si schwiereg wéinst der politescher Situatioun a Libyen. Et gëtt e Biergerkrich an d’Land ass an zwou Regierunge gedeelt.