1,9 vun de ronn 2,2 Milliounen Awunner am Küstegebitt hu wéinst de Kämpf missten hir Haiser a Wunnenge verloossen. D‘Vereenten Natiounen hu virun enger Hongersnout an der Gazasträif gewarnt.
Der islamistescher Hamas no sinn zanter dem Ufank vum Krich iwwer 20.000 Palästinenser an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm, dorënner och dausende Mineuren. Déi Informatioune kënnen awer net vun onofhängeger Säit iwwerpréift ginn.