search

/ 1.150 Plaze gestrach bei ArcelorMittal? Den Ament mol eng Etüd, seet OGBL

Stolproduzent

|
headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

1.150 Plaze gestrach bei ArcelorMittal? Den Ament mol eng Etüd, seet OGBL

Datt bis zu 1.150 Plaze bei ArcelorMittal zu Lëtzebuerg kéinten ofgebaut ginn, wier fir den Ament mol eng Etüd. Dat sot den Jean-Luc de Mattheis vum OGBL am 100,7-Interview. Och de Stolproduzent selwer stellt dat an engem Communiqué kloer.

headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow
© NICOLAS BOUVY
(Foto: NICOLAS BOUVY)

Leschten Donneschdeg hat ArcelorMittal jo annoncéiert, datt an Europa 5.600 Plazen am administrative Beräich sollen a Polen an Indien relokaliséiert ginn. An engem Communiqué schreift ArcelorMittal, et géif net stëmmen, datt déi 1.150 Plazen gestrach ginn. Dat wier just d'Unzuel u Plazen, déi dofir géife gepréift ginn. Dat géif awer net heeschen, dass déi Plazen delokaliséiert géife ginn, preziséiert de Stolkonzern am Communiqué.

De Jean-Luc de Matteis vum OGBL hofft awer, datt een dat evitéiere kéint.

Trotz neiem Siège um Kierchbierg

Am europäesche Betribsrot hat ArcelorMittal leschten Donneschdeg annoncéiert, datt all administrativ Plazen zu Lëtzebuerg am Kader vun enger Etüd géifen iwwerpréift ginn. An dat obwuel ArcelorMittal amgaangen ass en neie Siège um Kierchbierg ze bauen.

Bei de Salariéeë stéisst dat net grad op Versteesdemech, erzielt de Jean-Luc Matteis.

"Datt ArcelorMittal en neie Siège hei baut, an datt en deementspriechend och hannendrun direkt gesot kritt, maja, et ass eng Etüd amgaang fir ze kucke fir méiglech 1.150 Aarbechtsplazen an Indien an a Polen ze delokaliséieren."

Virdeel vum Sozialdialog a Lëtzebuerg

Dofir wier een als Gewerkschaft och elo alarméiert, géif awer net panikéieren, esou nach de Jean-Luc de Mattheis.

E Grond dofir ass, datt een amgaangen ass bei der Tripartite Siderurgie en Accord auszehandelen. Et wiere laangwiereg Verhandlungen, mee de Jean-Luc de Matteis hofft, zesumme mam Staat an ArcelorMittal, eng gutt Léisung ze fannen.

"Ech menge mir hunn a Lëtzebuerg eeben de Virdeel, datt mir ëmmer déi Situatiounen do, dat ass jo net fir d'éischt, wou mir konnten dat doten am Sozialdiolog schwätzen, d'Verhandlunge lafen."

De Sozialdialog géif et erméiglechen, gutt Mesuren ze fannen.

Enn dës Mounts kënnt de Comité d’entreprise européen zu Lëtzebuerg zesummen. Do erhoffe sech d’Gewerkschaften da méi konkret Zuelen, fir deementspriechend reagéieren ze kënnen, esou nach de Jean-Luc de Matteis.

play_arrow Lauschteren