Radioen

On air

Notturno  |  Brendan Eder Ensemble - QX 2021

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Desert Blues

Desert Blues

headphones

61 min

Lauschteren play_arrow

“Tamotaït’ ass dee fënnefte Studioalbum vun der Touareg Band Tamikrest, en Disk, dee si dësen Donneschdeg 23. Mee zu Wolz um 8 Auer am Brandbau virstellen. De Serge Tonnar ass mat senger Gittar am Virprogramm. E Rendez-vous, deen e flotten Owend versprécht!

Decouverte vun dëser Woch ass déi pakistanesch Sängerin Arooj Aftab. Si ass schonn a jonke Jore vill gereest an huet um bekannte Berklee College of Music studéiert. Den neien Album “Night Reign” ass ënnerwee, hei e klenge Virgeschmaach.

De franséischen Hadouk Trio gouf 1996 vum Didier Malherbe a Loy Ehrlich gegrënnt mam Perkussionist Steve Shehan.
Den Numm Hadouk kënnt vun den Haaptinstrumenter, déi den Ehrlich an de Malherbe spillen, den Hajouj en afrikanesche Bass an den Doudouk eng armeenesch Oboe.

Mir maachen och e Sprong an den Norde bei 9bach, en alternative Folk-Ensembel mat der schéiner Stëmm vun der Lisa Jên. Hiren Album “Anian” werft e kritesche Bléck op eis Welt vun haut, heescht et.

Weider Etappe si Lissabon a Kuba …

Playlist:
1. Tamikrest - Azawad - Tamotaït
2. Tamikrest - Amzagh - Tamotaït
3. Serge Tonnar & Legotrip - Bommeleeër Buddha - Deng Mamm!
4. Zita Swoon Group - Sababu - Wait for Me
5. Arooj Aftab - Raat Ki Rani - Night Reign
6. Hadouk Trio & Malouma Mint Meidah - Tourneblues (Live) - Baldamore (Live At Cabaret Sauvage)
7. 9bach - Heno - Anian
8. Merryn Jeann - See Saw - Merryn Jeann
9. Dead Combo & Marcia - Visões Ficções - Voz e Guitarra 2
10. Marc Ribot y Los Cubanos - No Me Llores Mas - Marc Ribot Y los Cubanos Postizos

Musek
Rock a Pop

Episoden

Talent

E Songwriting, räich un Influenzen, en Jazz, deem seng Wuerzelen am Folk leien, akustesch Instrumenter, verflecht mat digitaler Technik an al Huesen aus der Karibik.

French Connection

Kandheetsfrënn, déi no längerer Paus nees zesummefonnt hunn, Geschichten iwwer d'Grenzpolitik an Ëmwelt-Katastrophen, a méi wéi een elegante Fransous!

French Connection

Kandheetsfrënn, déi no längerer Paus nees zesummefonnt hunn, Geschichten iwwer d'Grenzpolitik an Ëmwelt-Katastrophen, a méi wéi een elegante Fransous!

Love and Colours

Karibesch Poesie, Disco-Pop aus Kalifornien, e britteschen Trompettist a schéi Stëmmen.

Love and Colours

Karibesch Poesie, Disco-Pop aus Kalifornien, e britteschen Trompettist a schéi Stëmmen.

Globetrotter

Den Hang an duusse Berber Hänn, Globetrotter a Liewenskënschtler, déi méi wéi eng Kap ophunn an de Fado revisitéiert.

Globetrotter

Den Hang an duusse Berber Hänn, Globetrotter a Liewenskënschtler, déi méi wéi eng Kap ophunn an de Fado revisitéiert.

Memories

Al Bekannter, de Blues revisitéiert, Funk aus dem Togo, Ethio Fusiounen an Erënnerungen un en Hellegen, deen et tatsächlech gëtt.

Memories

Al Bekannter, de Blues revisitéiert, Funk aus dem Togo, Ethio Fusiounen an Erënnerungen un en Hellegen, deen et tatsächlech gëtt.

Genoma

E Fransous, deen aus den Träipen eraus sengt, en aneren, deen iwwer d'Genom nodenkt, en iresche Songwriter an de Paräisser Baren an e Klang, wéi net vun dëser Welt.

Genoma

E Fransous, deen aus den Träipen eraus sengt, en aneren, deen iwwer d'Genom nodenkt, en iresche Songwriter an de Paräisser Baren an e Klang, wéi net vun dëser Welt.

Summer's here

Musek aus Galizien, eng rar Pärel nei verëffentlecht an Techno mat Sträicher ...

Summer's here

Musek aus Galizien, eng rar Pärel nei verëffentlecht an Techno mat Sträicher ...

Engagéiert Causen

Lidder aus Griichenland vun de 60er a 70er Joren nei opgemëscht, Jazz aus dem Norden an aus dem Süden, engagéiert Museker fir d'Mënscherechter a fir den Erhalt vun de Weltmierer.

Engagéiert Causen

Lidder aus Griichenland vun de 60er a 70er Joren nei opgemëscht, Jazz aus dem Norden an aus dem Süden, engagéiert Museker fir d'Mënscherechter a fir den Erhalt vun de Weltmierer.

Eege Weeër

Eege Weeër

Shapes of the Fall

Vill cross-kulturell Dialoger bei One World an engagéiert Artisten déi sech asetze fir d'Fräiheet vun de Mënschen.

Shapes of the Fall

Vill cross-kulturell Dialoger bei One World an engagéiert Artisten déi sech asetze fir d'Fräiheet vun de Mënschen.

Brighter Days Ahead

Kreativ Collaboratiounen, eege Stiler an nei Disken, déi den Zäitgeescht refletéieren.
headphones

60 min

play_arrow