Auslandschronik
/ Brasilie fäert ee militäresche Konflikt tëschent Venezuela a Guyana
Brasilie fäert ee militäresche Konflikt tëschent Venezuela a Guyana
4 min
D'Leit am Venezuela hunn ofgestëmmt: eng Majoritéit vun hinnen hätt gären, datt an der Regioun Essequibo een neie venezuelanesche Bundesstaat entsteet. Mee déi Regioun gehéiert zanter 200 Joer dem Nopeschland Guyana - an huet grouss Pëtrolsreserven. Elo flaamt een urale Grenzsträit erëm op, an de venezuelanesche President Nicolas Maduro notzt de Moment fir ze provozéieren. Am Nopeschland Brasilie gi sech dowéinst Suerge gemaach. Eng Auslandschronik vum Jean-Claude Gerez