Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  MJ Lenderman - She's Leaving You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Schwéierpunkt vum Dag

100komma7.lu / Schwéierpunkt vum Dag

/ An Israel bleiwen, well ee vun der Famill gebraucht gëtt

An Israel bleiwen, well ee vun der Famill gebraucht gëtt

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am September sinn de Robi Wolf a seng Fra op Tel Aviv geflunn, fir de Gebuetsdag vun hiren Enkelkanner ze feieren. Do wossten si nach net, a wat fir enger Angscht si lierwe wäerten. Si wollten de Fils besiche goen, deen mat senger Famill zu Tel Aviv lieft. Zanter den Ugrëff ass näischt méi wéi et war.
Zu all Moment fillt ee sech onsécher, erzielt de Robi Wolf, dee kaum nach eraus geet. Wann d’Sirenen uginn, huet een 90 Sekonnen d’Zäit, fir an de Gank vum Gebäi ze flüchten, am beschten wäit fort vun all Fenster. Virun allem wëll hien d’Kanner berouegen, wat alles aanescht wéi einfach ass. Hien probéiert hinnen d’Situatioun z’erklären, mee daagsiwwer gi keng Noriichte gekuckt, fir datt d’Kanner net ze vill Angscht kréien. Esou laang wéi et nach Onroue gëtt, wëll hien do bleiwen a fir seng Enkelkanner do sinn, wärend säi Fils schaffe goe muss.

Politik a Gesellschaft
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Aarbechtsqualitéit a Wuelbefannen op der Aarbecht ginn erof | © Chambre des salariés / Facebook

Aarbechtsqualitéit a Wuelbefannen op der Aarbecht ginn erof

D’Chambre des salariés huet gëschter de Quality-of-work-Index fir d’Joer 2023 presentéiert. Där Etude no gëtt et eng negativ Tendenz bei der Aarbechtsqualitéit an dem Wuelbefannen op der Aarbecht am Grand-Duché.
headphones

4 min

play_arrow
"Neie Schwonk fir de Wunnengsbau" | © SIP / Emmanuel Claude

"Neie Schwonk fir de Wunnengsbau"

De Premier, de Finanz- an de Logementsminister hu Mesurë presentéiert, fir d'Nout um Wunnengsmaart méi kleng ze kréien. Steierlech Moossname sollen de Privatleit an dem Bausecteur zegutt kommen.
headphones

4 min

play_arrow
Wouhi mam Klärschlamm? | © Jacques Ganser

Wouhi mam Klärschlamm?

Eng national Klärschlammstrategie soll Léisunge brénge fir déi ronn 10.000 Tonne Klärschlamm, déi am Joer ufalen.
headphones

5 min

play_arrow
Gëtt et Problemer fir méi kleng Bäckereien am Land? | © Lisa Lahos

Gëtt et Problemer fir méi kleng Bäckereien am Land?

Nodeems d'lescht Woch zwou al agesiesse Bäckereien zougemaach hunn, steet d'Fro am Raum. Ënnerschiddlech Grënn haten zu deene Fermeturë geféiert.
headphones

4 min

play_arrow
Datt sanéiert muss ginn, doriwwer ass ee sech eens

Datt sanéiert muss ginn, doriwwer ass ee sech eens

Déifferdeng sicht no Léisunge fir zwee Flüchtlingsfoyeren ze sanéieren an d'Leit ze relogéieren. D'Gemeng wëllt eng definitiv Léisung, déi gréng proposéieren d'Maternité fir d'Iwwergangszäit.
headphones

4 min

play_arrow
Biergerbedeelegung | © Bigstock/Nutthaseth

Biergerbedeelegung

Wat hunn de Biergerkommitee an de Klimabiergerrot bruecht?
headphones

4 min

play_arrow
Regierungscommissaire: “Energiespueren ass ëmmer wichteg”

Regierungscommissaire: “Energiespueren ass ëmmer wichteg”

D’Energiekris hätt dozou geféiert, datt souwuel d’Leit wéi och d’Entreprisë fir d’Theema Energie sensibiliséiert gi wieren, erkläert de Regierungscommissaire Simeon Hagspiel.
headphones

4 min

play_arrow
Trump gewënnt am New Hampshire | © picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy

Trump gewënnt am New Hampshire

Am amerikanesche Staat New Hampshire huet dee fréieren US-President Donald Trump d'Virwale bei de Republikaner gewonnen.
headphones

5 min

play_arrow
Neierunge vum Offallgesetz | © Bigstock / RTimages

Neierunge vum Offallgesetz

All Verkafssurface, déi méi wéi 1.500 m2 huet, muss déi néideg Infrastrukturen zur Verfügung stellen, fir datt d‘Leit hire recycléierfäegen Dreck kënnen do ofginn.
headphones

4 min

play_arrow
Wéi wierkt sech d'Heescheverbuet op d'Sans-Abrien aus?

Wéi wierkt sech d'Heescheverbuet op d'Sans-Abrien aus?

Zanter dem Heescheverbuet hunn d'Leit op der Strooss méi Angscht. E Reportage mam Service Streetwork vun Inter-Actions zu Bouneweeg.
headphones

6 min

play_arrow
Sozialwalen: Dausende Kandidate vun OGBL an LCGB

Sozialwalen: Dausende Kandidate vun OGBL an LCGB

Den 12. Mäerz si Sozialwalen: deen Dag ginn d’Personaldelegatiounen an den Entreprisë mat iwwer 15 Beschäftegten nei gewielt.
headphones

5 min

play_arrow
D’Wanterwieder: aktuell Lag an d’Previsiounen | © picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd

D’Wanterwieder: aktuell Lag an d’Previsiounen

D’Wanterwieder huet Lëtzebuerg weider am Grëff
headphones

4 min

play_arrow
Heescheverbuet geet an déi repressiv Phas | © Michelle Barthel

Heescheverbuet geet an déi repressiv Phas

D’Police wäert elo mat verstäerkter Presenz a geziilte Kontrollen dat néit Heescheverbued an der Haaptstad ëmsetzen. Dëst stéisst awer op vill Kritik.
headphones

5 min

play_arrow
Éischt Virwalen an den USA

Éischt Virwalen an den USA

2024 ass Waljoer a ville Länner, och an den USA. An dëse Méindeg ass déi éischt Virwal bei de Republikaner, dat am amerikanesche Midwest, am Staat Iowa. 
headphones

6 min

play_arrow
Ausbau vum Tramreseau 2024 | © Pierre Reyland

Ausbau vum Tramreseau 2024

Mam Tram bis op de Flughafen an an den neie Stadion zu Gaasperech - dat gëtt geschwë méiglech. Dëst Joer ginn dës zwou wichteg Extensioune vum Tramsreseau fäerdeg.
headphones

6 min

play_arrow
Zivilgesellschaftlech Organisatioune reagéieren op neit Gesetz | © picture alliance / BeckerBredel

Zivilgesellschaftlech Organisatioune reagéieren op neit Gesetz

D’Zesummeliewe vun all de Mënschen zu Lëtzebuerg soll verbessert ginn. Konkret soll jiddweree méi einfach un Informatioune kommen, respektiv un Aktivitéiten deelhuele kënnen.
headphones

5 min

play_arrow
Ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg sinn aarm | © Ana Angel

Ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg sinn aarm

Lëtzebuerg gëllt als dat räichst Land op der Welt. Dobäi ass Aarmut eng Realitéit fir vill Leit.
headphones

4 min

play_arrow
Nach ëmmer schlofe Refugiéen ënner dem Pont Adolphe

Nach ëmmer schlofe Refugiéen ënner dem Pont Adolphe

Déi sougenannt "Dubliner", also Männer, déi eleng reesen a schonn an engem anere Land eng Asyldemande gestallt hunn, ginn net méi automatesch zu Lëtzebuerg opgeholl.
headphones

5 min

play_arrow
Auswee aus der Logementskris? | © Jo Diseviscourt, Fotoen: European Union, Unsplash

Auswee aus der Logementskris?

Mat enger “nationaler Logementsreunioun” wëllt déi schwaarz-blo Regierung d’Wunnengsbaukris an de Grëff kréien. Wat ass vun där Reunioun ze erwaarden?
headphones

5 min

play_arrow
"Ech hu Kiew immens vermësst." | © picture alliance / NurPhoto | Maxym Marusenko

"Ech hu Kiew immens vermësst."

D’Yuliia, eng 30 Joer al Fra aus Kiew, huet viru véier Méint decidéiert, Lëtzebuerg an domat d‘Sécherheet ze verloossen an zeréckzegoen.
headphones

5 min

play_arrow

Dat kéint Iech och interesséieren

play_arrow
An Israel bleiwen, well ee vun der Famill gebraucht gëtt | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

Lëtzebuerger an Israel

An Israel bleiwen, well ee vun der Famill gebraucht gëtt

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

0 min