arrow_back_ios
Schwéierpunkt vum Dag
Neierunge vum Offallgesetz
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Zanter dem 1. Januar sinn eng Rei Neierunge vum Offallgesetz a Kraaft getrueden. Dorënner och e Gesetz, dat d’Supermarchéë betrëfft: All Verkafssurface, déi méi wéi 1.500 m2 huet, muss déi néideg Infrastrukturen zur Verfügung stellen, fir datt d‘Leit hire recycléierfäegen Dreck kënnen do ofginn. Dat hätt awer net kéinten op den 1. Januar ëmgesat ginn, erkläert de Paul Rasqué, Conseiller am Ëmweltministère. Et géif een elo nach d’Pilotprojeten evaluéieren.
mic_none
Presentéiert vum
- Ana Angel