Schwéierpunkt vum Dag
/ Zivilgesellschaftlech Organisatioune reagéieren op neit Gesetz
Zivilgesellschaftlech Organisatioune reagéieren op neit Gesetz
5 min
Zu Lëtzebuerg liewe Mënsche mat verschiddenen Originnen zesummen: 350.000 Lëtzebuerger, 315.000 Auslänner, a pro Dag kommen och bis zu 225.000 Frontalieren heihi schaffen. D’Zesummeliewe vun all deene Mënsche soll duerch en neit Gesetz, dat um Joreswiessel a Kraaft getrueden ass, verbessert ginn. Konkret soll jiddweree méi einfach un Informatioune kommen, respektiv un Aktivitéiten deelhuele kënnen - egal ob Lëtzebuerger, Refugié oder Frontalier.
De liberale Familljeminister Max Hahn schwätzt vun engem Paradigmewiessel, mee zivilgesellschaftlech Organisatioune kritiséieren, datt et net wäit genuch geet - och wa si d’Gesetz prinzipiell begréissen.
Presentéiert vum
- Sophie Schroeder