Radioen

On air

Notturno  |  Badge Époque Ensemble - Sing A Silent Gospel Feat. U.S. Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Dagdeeglech

Episoden

399 viru Christus gouf dem Sokrates de Prozess gemaach

Un de Grënn firwat e viru Geriicht stoung, gëtt et awer mëttlerweil Zweiwel.

1849 kënnt de Wilhelm Voigt op d'Welt

Als "Hauptmann von Köpenick" gouf hie weltbekannt. 1909 koum hien an d'Stad Lëtzebuerg, krut 1910 Lëtzebuerger Pabeieren a stierft hei den 3. Januar 1922.

Viru 74 Joer: Christian Dior presentéiert de New Look

Kollektioun vum Paräisser Designer revolutionéiert d'Moudewelt.

Virun 31 Joer: Mandela kënnt no 27 Joer fräi

Südafrikanesch Ikon trëppelt Hand an Hand mat senger Fra aus dem Prisong.

Virun 28 Joer: Michael Jackson gëtt Oprah Winfrey Interview

Bis haut déi gréissten Audienz fir en Interview an der Geschicht vun der Tëlee

Viru 400 Joer: Alessandro Ludovisi gëtt Poopst

Italieener gëtt leschte Poopst, deen duerch Akklamatioun gewielt gëtt.

Viru 434 Joer: D'Mary, Queen of Scots, gëtt gekäppt

Déi fréier Kinnigin vu Schottland gouf schëlleg gesprach, e Mord un der englescher Queen mat organiséiert ze hunn.

Doud virun 103 Joer vum Pierre Brasseur

Lëtzebuerger Notaire an Industriellen an eng vun de wichtegste Persoune fir d'Industrialiséierung vum Land

Virun zéng Joer stierft de Gary Moore

Brittesche Blues-Rock-Gittarist, Sänger a Komponist

Viru 36 Joer: Punesche Krich no 2.131 Joer offiziell eriwwer

D'Buergermeeschter vu Roum a Karthago schléisse symbolesch Fridden.

Viru 17 Joer: Facebook geet online

Dat soziaalt Netzwierk vum Mark Zuckerberg huet haut ronn dräi Milliarden aktiv "User".

Virun 62 Joer: "The day the music died"

De Buddy Holly an dräi anerer stierwe bei Fligerongléck am Iowa.

Viru 50 Joer: Idi Amin gëtt no Putsch President vum Uganda

Hien gëtt zu engem vun den korruptesten an brutalsten Leaderen um afrikaneschen Kontinent

Virun 42 Joer: Triumphaleschen Retour vum Khomeini am Iran

Konservativen Kleriker wor do virdrun am Irak an zu Paräis am Exil

Eischten Af am Weltall

Viru 60 Joer gouf den éischten Af mam scharmanten Numm Ham vu Cape Canaveral aus an d'Weltall geschoss. Seng Rees huet 16 Minutte gedauert.

Virun 139 Joer Gebuert vum Franklin D. Roosevelt

den 32. President vun den USA

Viru 54 Joer: Legendären Mantra-Rock-Dance Festival zu San Francisco

Grateful Dead an Janis Joplin spillen fir Näischt zu Gonschten vum Hare Krishna Mouvement

Virun 36 Joer: Opnam vun Benefice-Lidd "We Are The World"

Ënner anerem de Michael Jackson, de Lionel Ritchie an d'Cyndie Lauper hu matgemaach

Virun 201 Joer: Russesch Explorateuren entdecken d'Antarktis

Wäissen Kontinent wor nach déi lescht onerfuerschten Régioun um Planéit

Virun 490 Joer: Schrot Äerdbiewen zu Lissabon

Biewen ähnlech schlëmm wéi dat aus dem Joer 1755