Den 30. Januar 1882 kënnt de Franklin Delano Roosevelt op d'Welt. 1910 fänkt seng politesch Karriär un als demokratesche Kandidat am Senat zu New York. 1921 erkrankt hien un der Kannerlämung, ënnert deene Folgen hien bis zu sengem Dout leit. 1932 gëtt hien zum 32. President vun den USA gewielt. Hien sollt och an de Joren 1936, 1940 an 1944 déi Walen fir sech entscheeden. Dass eng Persoun nëmmen fir 2 Amtszäiten President vun den USA ka sinn, gouf eréischt nom 2. Weltkrich an d'Verfassung geschriwwen. De Franklin D. Roosevelt, deen kuerz virum Enn vum Zweete Weltkrich stierft, ass domadder deen US-President mat der längster Amtszäit.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 139 Joer Gebuert vum Franklin D. Roosevelt
Episoden
Virun 80 Joer stierft de Charles Marx
Lëtzebuerger Dokter, Politiker a Resistenzler
Deen éischten "Indiana Jones"-Film kënnt an de Kino
Den 12. Juni 1981 koum ee vun de bekanntste Filmer an d'Kinoen: Deen éischten "Indiana Jones"-Film, mam Harrison Ford an der Haaptroll.
Virun 100 Joer koum de Nic Weber op d'Welt
Lëtzebuerger Journalist, Publizist a Schrëftsteller
Südvietnam gëtt Franséisch
De 5. Juni 1862 gëtt den Traité vu Saigon ënnerschriwwen, en Ofkommes mat dem de Süde vum Vietnam vu Frankräich koloniséiert ginn ass.
Virun 117 Joer koum den Henri Maurice Schnadt op d'Welt
Lëtzebuerger Ingenieur
D'Eruewerung vu Konstantinopel
Den 29. Mee 1453 gëtt Konstantinopel vun den Osmanen eruewert, d'Enn vum ostréimesche Räich.
Déi éischt Weltmeeschterschaft am Rugby
Den 22. Mee 1987 huet déi éischt Weltmeeschterschaft am Rugby ugefaangen, ausgedroen an Australien an Neiséiland.
Virun 8 Joer ass de Camille Gira gestuerwen
Politiker vun Déi Gréng
Nylonstrëmp ginn an den USA fir en abordabele Präis ugebueden
Virdrun huet e Puer ëm déi 250 Dollar kascht. Well den Undrang esou grouss war, huet esouguer d'Police misse kommen, fir d'Situatioun ze berouegen.
Virun 78 Joer gouf d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen zougemaach
14,11 Kilometer war se laang, d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, déi den 2. Mee 1948 zougemaach gouf.
Virun 199 Joer koum de Jean-Antoine Zinnen op d'Welt
Den Hubble-Teleskop kënnt bis an de Weltall
Dem Hubble-Teleskop hu mir ganz vill Entdeckungen ze verdanken. De 24. Abrëll 1990 gouf den Teleskop an de Weltraum geschoss.
Virun 103 Joer koum d'Yvonne Frisch-Urbany op d'Welt
Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerin huet sech schonn a jonke Jore politesch engagéiert, genee wéi hire Brudder, dee fréiere KP-Deputéierte René Urbany.
D'Invasioun vun der Bay of Pigs
De 17. Abrëll 1961 lancéieren d'USA an d'Cuban Democratic Revolutionary Front eng Militäraktioun, fir déi kubanesch Regierung ze stierzen.
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.