Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktuelles

Episoden

NATO-Sommet: China wier e konstanten Defi

De staarke Langage vis-a-vis vu Peking refletéiert dem US-President Joe Biden säi Message, wärend senger éischter Europarees. D'NATO-Memberlänner hu gëschter och Russland ferm kritiséiert.

Belsch: 9. Juni, Dag vun der Befreiung

60 Prozent vun der belscher Populatioun iwwer 18 Joer huet mëttlerweil op d'mannst eng éischt Dosis vun engem Impfstoff géint de Covid-19 kritt.

Wat bedeit G7-Annonce iwwer d'Besteierung fir Lëtzebuerg?

Eng vun de Froen un den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza, e Samschdeg an der Emissioun Riicht eraus.

Bundesparteitag: Gréngen Idealismus trëfft op Realpolitik

Haut fänkt de Bundesparteidag vun der däitscher grénger Partei un. Et gi vill intern Diskussiounen ze féieren.

Henri Kox: "Mir sollten déi néideg Rou behalen"

De Sträit ronderëm d'Karriären C1 a B1 bei der Police beschäftegt nach ëmmer d'Geriichter. De Minister mécht een Appell zur Rou.

Den islamesche Schleier perturbéiert déi belsch Politik

Nodeems déi Bréisseler Transportgesellschaft STIB wéinst reliéiser Diskriminatioun verurteelt gouf, gëtt de Schleier op en neits zu engem gliddege politesche Sujet.

Den Joe Biden ass a Groussbritannie gelant

Den US-President ass fir d'éischte Kéier zanter dem Ufank vu sengem Mandat am Ausland ukomm.

En onmoralesche Plang

Wollt den däitsche Gesondheetsminister qualitativ mannerwäerteg Masken u vulnerabel Gruppe verdeelen?

Op der Sich no Unerkennung: Zu Lëtzebuerg an international

Den Zentrum fir Zäit- an Digitalgeschicht besteet elo zanter bal fënnef Joer. Een Tëschebilan mam C2DH-Direkter Andreas Fickers.

Geimpften Touristen a Spuenien

Spuenie wëllt seng Touristesaison alauden.

Eng Mindeststeier fir Grousskonzerner

D'Decisioun um G7-Treffen vun de Finanzminister, fir d'Aféiere vun enger Mindeststeier vu 15% fir Grousskonzerner gëtt vun den Parteien déi an der Chamber vertruede sinn allgemeng begréisst

Grousse Reformbedarf am Gesondheetswiesen

D'Santé schafft u Léisunge fir de Finanzéierungssystem unzepassen, déi ambulant Versuergung legal ze encadréieren a vläicht och d'Garden ze remuneréieren.

Den Ufank vun engem schwéiere Prozess

De Kanada ass schockéiert no der grujeleger Decouverte vun den Iwwerreschter vun iwwer 200 Kanner an engem fréieren Internat. Reportage vun der Plaz.

Paiement immédiat direct vs. Tiers payant généralisé

Fir d'Patientevertriedung ass de PID Etikettenschwindel. D'CNS an d'AMMD verspriechen, e bitt de Patienten dat nemlescht, wéi den Tiers payant généralisé. Mee irgendeppes muss anescht sinn,

Wéi eng Richtung schléit déi riets-national FPÖ an Éisträich an?

An Éisträich beweegt sech déi riets-national Partei FPÖ méiglecherweis an eng méi radikal Richtung.

Fusiounsprojet Groussbus-Wal: Infoversammlung zu Gréiwels

Am Juli 2023 kéinten déi béid kleng Gemenge Groussbus a Wal fusionéieren. De 27. Juni dëst Joer hunn d'Bierger d'Wuert.

Däitsche Banker am CumEx-Skandal verurteelt

De CumEx-Skandal ass e Finanzbedruch mat weltwäitem Ausmooss. Fir d'éischte Kéier ass elo en däitsche Banker verurteelt ginn.

CNS contra FAPSYLUX

Wourëms geet et am Clinch tëscht Gesondheetskeess a Psychotherapeuten iwwer eng Prise en charge vun hire Prestatiounen?

D'Direktesch vun der "Béiermans" gëtt geéiert

De Premier Xavier Bettel huet zu Paräis dat Belsch-Lëtzebuerger Studentewunnheem "Fondation Biermans-Lapôtre" besicht.

D'Direktesch vun der "Béiermans" gëtt geéiert

De Premier Xavier Bettel huet zu Paräis dat Belsch-Lëtzebuerger Studentewunnheem "Fondation Biermans-Lapôtre" besicht.